Read: Verbuerge Wierder


D’Verbuerge Wierder vu Bahá’u’lláh

Déi Verbuerge Wierder vum Bahá’u’lláh

 

Lëtzebuergesch Iwwersetzung aus dem Englesche vum Jean-Marie NAU mat Hëllef vun der Iwwersetzungskommissioun.

 

© 2007 Verëffentlechungen Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg

17, avenue Léopold Goebel, Luxembourg

Bibliothèque nationale du Luxembourg

ISBN: 978-2-9599754-0-0

Imprimé au Luxembourg

 

Déi Verbuerge Wierder

Bahá’u’lláh


Déi Verbuerge Wierder sinn e Schaz vu gëttleche Geheimnisser. Wann s du iwwert hiren Inhalt nodenks, wäerte sech d’Diere vun de Geheimnisser opmaachen.[1] [2]

 

Aféierung

Déi Verbuerge Wierder, e Meeschterwierk vu mystescher Poesie, gouf 1858 am Irak geschriwwen. An déiwer Mediatioun, laanscht dem Ufer vum Floss Tigris, huet Bahá'u'lláh, Begrënner vum Bahá'í Glawen, iwwert déi éiweg Bezéiung tëschent Gott an dem Mënsch nogeduecht, iwwert de Sënn vum Liewen an all d’Hënnernesser déi virum Mënsch leien, op sengem Wee zur geeschteger Perfektioun. Aus sou enger déiwer Kontemplatioun koum d'Inspiratioun fir eng erstaunlech Kollektioun vu kuerzen, meditative Versen. An deene puer Zeile fënnt een eng Distillatioun vun deene geeschtege Wourechten, déi d'zentral Kraaft hannert all de reliéisen Traditioune vun der Vergaangenheet duerstellen. [3][4]

 

Dësen éischten Deel, op Arabesch offenbaart, gouf vum Shoghi Effendi, Hidder vum Baha'i Glawen, op Englesch iwwersat. Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch baséiert virun allem op der englescher Iwwersetzung.

 

Déi Verbuerge Wierder vum Bahá’u’lláh, aus dem Arabeschen

 

HIEN ASS DEN HERRLECHE VUN DEN HERRLECHEN!

Dëst ass dat wat aus dem Räich vun der Herrlechkeet erofkoum, ausgeschwat duerch d’Zong vun der Muecht an der Stäerkt, a wat de fréiere Propheten offenbaart gouf. Dorauser hu Mir déi déif Essenz geholl an an d’Kleed vun der Kierzt gekleet, als en Zeeche vun der Gnod fir déi Gerecht, dass si dem Härgott senger Allianz trei bleiwen, duerch hiert Liewe Säi Vertrauen erfëllen, an am Räich vum Geescht den Edelstee vun der gëttlecher Dugend kréien.

 

1. O JONG VUM GEESCHT!

Dat hei ass Mäin éischte Rot: Dass du e rengt, guttmiddegt a stralend Häerz hues, sou dass du onvergänglech Souveränitéit kriss, onzerstéierbar an éiweg.

 

2. O JONG VUM GEESCHT!

Wat Ech vun allem am léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; dréi hir net de Réck wann s du Mech wëlls a vernoléisseg se net, fir dass Ech Mech dir uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae gesinn, an net mat deene vun aneren, a wäerts duerch deng eegen Erkenntnis wëssen an net duerch d’Wësse vun dengem Noper. Iwwerlee dir an dengem Häerz wéi s du solls sinn. A Wierklechkeet ass d’Gerechtegkeet Mäi Cadeau fir dech an d’Zeeche vu Menger onendlecher Gnod. Hal dir dat virun Aen.

 

3. O JONG VUM MËNSCH!

Verstoppt a Mengem éiwege Wiesen an an der Uréiwegkeet vu Menger Essenz wosst Ech vu Menger Léift zu dir. Dofir hunn Ech dech erschaf, hunn an dir Mäi Bild aggravéiert an hunn dir Meng Schéinheet offenbaart.

 

4. O JONG VUM MËNSCH!

Et war Mäi gréisste Wonsch, fir dech z’erschafen, also hunn Ech dech erschaf. Sief du elo frou mat Mir, fir dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewe fëlle kann.


5. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Sief du frou mat Mir, fir dass Ech dech ka gär hunn. Wann s du Mech net gär hues, ka Meng Léift dech nimools erreechen. Sief dir dees bewosst, O Dénger.

 

6. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Däi Paradäis ass Meng Léift. Däin himmlescht Heem ass nees mat Mir vereent ze sinn. Komm eran ouni ze zécken. Dat ass dat, wat an eisem himmlesche Räich an an Eiser erhuewener Herrschaft fir dech bestëmmt gouf.

 

7. O JONG VUM MËNSCH!

Wann s du Mech gär hues, dréi dech ewech vun dir selwer, a wann s du wëlls, datt Ech dir gutt gesënnt sinn, dann denk net un däin eegene Pleséier, fir dass du a Mir stierwe kanns an Ech éiweg an dir liewe kann.

 

8. O JONG VUM GEESCHT!

Et gëtt kee Fridde fir dech, et sief dann du entsees dir selwer an dréis dech Mir zou. Well et passt sech dass du dech a Mengem Numm luefs an net an dengem, däi Vertrauen a Mech lees an net an dech, well Ech wëll, dass ee mat Mir eleng iwwer alles frou ass.

 

9. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Meng Léift ass Meng Festung; deen, deen erakënnt ass sécher a gebuergen, an deen, dee sech dovun ewechdréit, wäert sech sécherlech veriren an zu Gronn goen.

 

10. O JONG VUM WUERT!

Du bass Meng Festung, géi eran, fir dass du a Sécherheet do liewe kanns. Meng Léift ass an dir, sief dir dees bewosst, fir dass du Mech no bei dir fënns.

 

11. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Du bass Meng Luucht, a Mäi Liicht ass an dir. Huel dir dorauser däi Liicht a sich keen anere wéi Mech. Well Ech hunn dech räich erschaf an iwwert dech hunn Ech Meng Gonscht generéis verbreet.

 

12. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Mat den Hänn vun der Muecht hunn Ech dech erschaf a mat de Fangere vun der Kraaft hunn Ech dech geformt; an an dech hunn Ech d’Wiese vu mengem Liicht geluecht. Sief domat zefridden a sich soss näischt, well Mäi Wierk ass perfekt a Mäi Gebot ass verbindlech. Sief dir dees gewëss an zweiwel net.

 

13. O JONG VUM GEESCHT!

Räich hunn Ech dech erschaf, firwat méchs du dech selwer aarm? Edel hunn Ech dech erschaf, firwat erniddregs du dech selwer? Aus der Essenz vum Wëssen hunn Ech dir Liewe ginn, firwat sichs du Erliichtung bei engem anere wéi Mir? Aus dem Leem vun der Léift hunn Ech dech geformt, firwat befaass du dech mat aneren? Kuck an dech, fir dass du Mech an dir fënns, mächteg, staark a wéi Ech a Mir selwer bestinn.

 

14. O JONG VUM MËNSCH!

Du bass Mäin Eegentum, a Mäin Eegentum vergeet net. Firwat fäerts du deng Vergänglechkeet? Du bass Mäi Liicht a Mäi Liicht wäert ni ausgoen. Firwat fäerts du d’Verläschen. Du bass Meng Herrlechkeet a Meng Herrlechkeet verschwënnt net. Du bass Mäi Kleed a Mäi Kleed gëtt ni al. Bleif dofir an denger Léift fir Mech fir dass du Mech am Räich vun der Herrlechkeet fënns.

 

15. O JONG VUM WUERT!

Dréi däi Gesiicht zu Mir an entso allem ausser Mir, well Meng Souveränitéit ass bestänneg a Meng Herrschaft vergeet net. Géifs du en aneren wéi Mech sichen, wär deng Méi ëmsoss, souguer wann s du de Weltall éiweg duerchsiche géifs.

 

16. O JONG VUM LIICHT!

Vergiess alles ausser Mir a kommunizéier mat Mengem Geescht. Dat ass d’Essenz vu Mengem Gebot, dofir hal dech dorunner.

 

17. O JONG VUM MËNSCH!

Sief zefridde mat Mir a sich keen aneren, fir dir ze hëllefen, well keen ausser Mir kann dir jee duergoen.

 

18. O JONG VUM GEESCHT!

Verlaang net vu Mir, wat Mir net fir dech wënschen, sief  zefridde mat deem, wat Mir fir dech bestëmmt hunn, well et ass dat, wat dir Notze bréngt, wann s du dech domat  zefridde gëss.

 

19. O JONG VUN DER WONNERBARER VISIOUN!

En Hauch vu Mengem Geescht hunn Ech dir ageblosen, fir dass du Mech solls gär hunn. Firwat hues du Mech verlooss an en aneren ausser Mir begiert?

 

20. O JONG VUM GEESCHT!

Mäi Recht op dech ass grouss, et kann net vergiess ginn. Meng Gnod fir dech ass vëlleg, si kann net verschleiert ginn. Meng Léift ass an dir a kann net verstoppt ginn. Mäi Liicht ass kloer fir dech, et kann net verdonkelt ginn.

 

21. O JONG VUM MËNSCH!

Un de Bam vun der stralender Herrlechkeet hunn Ech fir dech déi beschte Friichte gehaangen. Firwat dréis du dech dovun ewech, fir dech mat deem zefridden ze ginn, wat manner gutt ass? Komm zréck bei dat, wat besser fir dech ass am himmleche Räich.

 

22. O JONG VUM GEESCHT!

Edel hunn Ech dech erschaf, du awer hues dech selwer erniddregt. Erhief dech also zu deem, woufir s du erschafe goufs.

 

23. O JONG VUM HÉCHSTEN!

Zum Éiwege ruffen Ech dech, du awer sichs dat Vergänglecht. Firwat hues du Eise Wonsch net respektéiert a bass dengem eegenen nogaang?

 

24. O JONG VUM MËNSCH!

Sëtz dech net iwwert deng Grenzen ewech a begier net, wat net fir dech ass. Knéi dech virum Gesiicht vun dengem Härgott, dem Här vu Stäerkt a Muecht.

 

25. O JONG VUM GEESCHT!

Bretz dech net virum Aarmen, well Ech féieren hien op sengem Wee a gesinn dech an dengem Gejéimers a weisen dech zréck fir all Zäit.


26. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Wéi konnts du deng eege Feeler vergiessen an dech mat de Feeler vun anere beschäftegen? Wien dat mécht gëtt vu Mir verworf.

 

27. O JONG VUM MËNSCH!

Schwätz net iwwert d’Sënne vun anere sou laang s du selwer ee bass dee sënnegt. Wann s du dëst Gebot iwwerschreits, gëss du verworf, dat bezeien Ech.


28. O JONG VUM GEESCHT!

Sief der bewosst, datt deen, deen d’Mënschen zur Gerechtegkeet oprifft, awer selwer ongerecht ass,  net vu Mir ass, souguer wann e Mäin Numm géing droen.

 

29. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Mutt kenger Séil dat zou, wat s du dir net selwer géifs zoumudden, a schwätz net vun deem, wat s du net méchs. Dat ass Mäi Gebot fir dech, beuecht et!

 

30. O JONG VUM MËNSCH!

So Mengem Dénger net neen, wann en eppes vun dir wëllt, well säi Gesiicht ass Mäi Gesiicht; soss  schumm dech viru Mir.

 

31. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Lee dir selwer all Dag Rechenschaft of, éier s du zur Rechenschaft gezu gëss; well den Doud kënnt onerwaart, an da muss du dech fir deng Dote veräntweren.

 

32. O JONG VUM HÉCHSTEN!

Fir dech hunn Ech den Doud zu engem Buet vu Freed gemaach. Firwat bass du traureg? Ech hunn d’Liicht erschaf fir dech z’erliichten. Firwat verstopps du dech virun em?

 

33. O JONG VUM GEESCHT!

Mat der freedeger Noriicht vum Liicht gréissen Ech dech: Free dech! An den Haff vun der Hellegkeet ruffen Ech dech: Bleif do dran, fir dass de éiweg a Fridde liefs.

 

 34. O JONG VUM GEESCHT!

De Geescht vun der Hellegkeet bréngt dir déi freedeg Noriicht vum neien Zesummekommen; firwat bass du traureg? De Geescht vun der Muecht bestätegt dech a Senger Saach; firwat verstopps du dech? D’Liicht vu Sengem Gesiicht féiert dech; wéi kanns du dech verléieren?

 

35. O JONG VUM MËNSCH!

Sief net traureg, ausser du bass wäit ewech von Eis; a free dech net, ausser du kënns Eis méi no a kënns bei  Eis zréck.

 

36. O JONG VUM MËNSCH!

Free dech mat Begeeschterung an dengem Häerz, fir   dass du et wäert bass, Mir ze begéinen a Meng Schéinheet erëmzespigelen.

 

37. O JONG VUM MËNSCH!

Verso der net selwer Mäi wonnerschéint Kleed an enthal dech net vun dengem Deel vu Menger wonnerbarer Quell, fir dass du net éiweg duuschtereg bleifs.


38. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Folleg Menge Gesetzer aus Léift zu Mir an entso dengen eegene Wënsch, wann s du Mir Freed maache wëlls.


39. O JONG VUM MËNSCH!

Vernoléisseg Meng Geboter net, wann s du Meng Schéinheet gär hues, a vergiess Meng Rotschléi net, wann s du gär Meng Gonscht erreechs.


40. O JONG VUM MËNSCH!

Géifs du och duerch den onendlech groussen Universum rennen an d’Héichte vum Himmel durchsichen, géifs du awer keng Rou fannen, ausser am Gehorsam virun Eisem Gebot an der Demut virun Eisem Gesiicht.


41. O JONG VUM MËNSCH!

Verherrlech Meng Saach, fir datt Ech dir d’Geheimnisser vu Menger Gréisst duerleeë kann an op dech mam Liicht vun der Éiwegkeet schéngen.


42. O JONG VUM MËNSCH!

Sief damiddeg viru Mir, fir dass Ech gnädeg bei dech komme kann. Erhief dech fir den Triumpf vu Menger Saach, fir dass du nach op der Äerd d’Victoiren erreeche kanns.


43. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Ernimm Mech op Menger Äerd, fir dass Ech denger a Mengem Himmel gedenken; op déi Manéier gi Meng Aen an deng erfreet.


44. O JONG VUM TROUN!

Däin Ouer ass Mäin Ouer – lauschter domat; däin A ass Mäin A – kuck domat, fir dass du an denger déifster Séil Meng sublim Hellegkeet bezeie kanns, an Ech a Mir selwer eng méi héich Plaz fir dech bezeie kann.

 

45. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Sich de Martyrium um Wee bei Mech, zefridde mat Mengem Pleséier an dankbar fir dat, wat Ech bestëmmen, fir dass du mat Mir ënnert dem Baldachin vun der Majestéit, hannert dem Tabernakel vun der Herrlechkeet roue kanns.

 

46. O JONG VUM MËNSCH!

Denk no an iwwerlee. Wëlls du an dengem Bett stierwen oder als Märtyrer däi Blutt am Stëbs op Mengem Wee verschëdden, an sou Mäin Uerder zum Ausdrock bréngen a Mäi Liicht am héchste Paradäis offenbaren? Entscheet dech richteg, O Dénger!

 

47. O JONG VUM MËNSCH!

Bei Menger Schéinheet! Wanns du deng Hoer mat dengem Blutt fierfs, dann ass dat a Mengen Ae méi grouss wéi d’Schafung vum Weltall an d’Liicht vu béide Welten. Strief also duerno, O Dénger!

 

48. O JONG VUM MËNSCH!

Fir alles gëtt et en Zeechen. D’Zeeche vun der Léift ass Standhaftegkeet a Menge Bestëmmungen a Gedold a Menge Prüfungen.

 

49. O JONG VUM MËNSCH!

Deen, dee wierklech gär huet, verlaangert no Tribulatioune genee sou wéi de Rebell no Verzeiung verlaangert, an de Sënner no Erbaarmen.

 

50. O JONG VUM MËNSCH!

Wann dir op Mengem Wee keen Ongléck zoustousse géif, wéi wéils du dann d’Weeër vun deene goen, déi zefridde si mat Mengem Pleséier? A wa keng Prüfung dech treffe géif an dengem Verlaangeren no Mir, wéi wéils du dann d'Liicht an denger Léift fir Meng Schéinheet erreechen?

 

51. O JONG VUM MËNSCH!

Meng Kalamitéit ass Meng Vorsehung, dem Schäin no ass et Feier a Rach, mee a Wierklechkeet Liicht a Gnod. Géi hir séier entgéint, fir dass du zu engem éiwege Liicht an engem onstierfleche Geescht gëss. Dat hei ass Mäi Gebot fir dech, beuecht et!

 

52. O JONG VUM MËNSCH!

Solls de räich ginn, da free dech net, a wann s de erniddregt gëss, sief net traureg, well béides wäert vergoen an net méi sinn.

 

53. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Wann s de aarm gëss, sief net traureg, well mat der Zäit kënnt de Kinnek vum Räichtum bei dech. Fäert d’Erniddregung net, well Herrlechkeet wäert enges Daags op dir rouen.

 

54. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Wann däin Häerz op dat éiwegt, onvergänglecht Räich an op dat uréiwegt Liewen ausgeriicht ass, da verzicht op dës stierflech a vergänglech Herrschaft.

 

55. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Këmmer dech net ëm des Welt, well mat Feier préife Mir d’Gold a mat Gold préife Mir eis Dénger.

 

56. O JONG VUM MËNSCH!

Du häss gär Gold, an Ech wënschen, dass du dech dovu fräi méchs. Du häls dech fir räich a sengem Besëtz, an Ech weess dass däi Räichtum doranner besteet, dech dovu lasszeléisen. Bei Mengem Liewen! Dëst ass Mäi Wëssen, an dat ass deng Virstellung; wéi ka Meng Meenung mat denger iwwereneestëmmen?

 

57. O JONG VUM MËNSCH!

Gëff Mäi Räichtum Mengen Aarmen, fir dass du am Himmel aus de Reservë vun onverännerlechem Glanz an dem Schaz vun onvergänglecher Herrlechkeet schäffe kanns. Awer, bei Mengem Liewen! Deng Séil hirzeginn ass méi herrlech, kéins du dach nëmme mat Mengen Ae gesinn.

58. O JONG VUM MËNSCH!

Den Tempel vun der Existenz ass Mäin Troun; rengeg e vun allem, fir dass Ech Mech do ka fir ëmmer nidderloossen.

 

59. O JONG VUN DER EXISTENZ!

Däin Häerz ass Mäin Heem. Maach et helleg fir Mäi Kommen. Däi Geescht ass d’Plaz vu Mengem Erschéngen; rengeg e fir Meng Offenbarung.

 

60. O JONG VUM MËNSCH!

Lee deng Hand op Mäin Häerz, dass Ech Mech iwwert dech erhiewe kann, liichtend a stralend.

 

61. O JONG VUM MËNSCH!

Erhief dech zu Mengem Himmel, dass du d’Freed fënns, nees mat mir vereent ze sinn, an aus dem Kielech vun éiweger Herrlechkeet den onvergläichleche Wäin drénke kanns.


62. O JONG VUM MËNSCH!

Vill vun dengen Deeg si vergaange wou s du an de Wolleke gelieft hues an dech mat dengen onnëtzen Illusioune beschäftegt hues. Wéi laang nach näips du op dengem Bett? Erwäch a stéi op, well d’Sonn steet héich um Himmel, a vläicht wëll si op dech mam Liicht vun der Schéinheet schéngen!


63. O JONG VUM MËNSCH!

D’Luucht schéngt op dech vum Horizont vum hellege Bierg, an de Geescht vun der Erliichtung bléist am Sinai vun dengem Häerz. Maach dech duerfir fräi vun de Schleier vun den onnëtze Virstellungen a komm a Mäin Haff, fir dass du prett bass fir d’éiwegt Liewen a wierdeg bass, Mir ze begéinen. Dann erreecht dech weder den Doud, nach Middegkeet oder Verdross.


64. O JONG VUM MËNSCH!

Meng Éiwegkeet ass Meng Schëpfung; Ech hu si fir dech erschaf. Maach si zum Kleed vun dengem Tempel. Meng Eenheet ass Mäi Wierk; Ech hu si fir dech erschaf. Kleed dech domat, fir dass du fir ëmmer d’Offenbarung vu Mengem éiwege Wiese gëss.

 

65. O JONG VUM MËNSCH!

Meng Majestéit ass Mäi Geschenk fir dech, a Meng Gréisst d’Zeeche vu Mengem Erbaarme fir dech. Dat wat Mir passt, wäert kee verstoen, a ka vu kengem ausgedréckt ginn. A Wierklechkeet hunn Ech et a menge verstoppte Lagerhaiser an an de Schätz vu Mengem Gebot versuergt, als Zeeche vu Menger Gonscht fir Meng Dénger a Menger Baarmhäerzegkeet géintiwwer Mengem Vollek.


66. O KANNER VUM GËTTLECHEN AN ONSICHTBARE WIESEN!

Dir wäert dru gehënnert ginn, Mech gär ze hunn, a Séile gi verstéiert, wa si Menger gedenken; well de Verstand ka Mech net begräifen an d’Häerz Mech net faassen.

 

67. O JONG VUN DER SCHÉINHEET!

Bei Mengem Geescht a bei Menger Gonscht! Bei Mengem Erbaarmen a bei Menger Schéinheet! Alles wat Ech dir mat der Sprooch vun der Muecht offenbaart hunn a fir dech mat der Fieder vun der Kraaft niddergeschriwwen hunn, entsprécht denger Fäegkeet an dengem Verständnes an net Mengem Rang an der Melodie vu Menger Stëmm.

 

68. O MËNSCHEKANNER!

Wësst dir net firwat Mir iech all aus deem selwechte Stëbs erschaf hunn? Fir dass kee sech iwwert deen aneren erhieft. Bedenkt zu jidder Zäit an ären Häerzer wéi dir erschaf gi sidd. Well Mir iech all aus deemselwechte Stoff erschaf hunn, passt et sech, dass dir wéi eng Séil sidd, dee selwechte Wee gitt, mam selwechte Mond iesst an am selwechte Land wunnt, fir dass an ärem bannenzege Wiesen, duerch är Wierker an Aktiounen, d’Zeeche vun der Eenheet an d’Essenz vun der Lassléisung zum Virschäi kommen. Sou ass Mäi Rotschlo un iech, o Versammlung vum Liicht! Befollegt dëse Rot, fir dass dir d’Fruucht vum Hellegtum vum Bam vun der wonnerbarer Herrlechkeet kritt.

 

69. O DIR KANNER VUM GEESCHT!

Dir sidd Meng Schazkummer, well an iech hunn Ech d’Pärele vu Menge Geheimnisser an d’Edelsteng vu Mengem Wësse geluecht. Beschützt si virun de Friemen ënnert Mengen Dénger a virun den Ongleewegen a Mengem Vollek.

 

70. O JONG VUN DEEM, DEEN DUERCH SÄIN EEGENT WIESEN A SENGEM EEGENE RÄICH STOUNG!

Sief dir bewosst, dass Ech dir all d’Parfume vun der Hellegkeet zoustréime gelooss hunn, dir Mäi Wuert voll a ganz offenbaart hunn, Meng Guttheet duerch dech perfekt gemaach hunn a fir dech nëmmen dat gewënscht hunn, wat Ech fir Mech selwer gewënscht hunn. Sief dofir zefridden iwwer mäi Pleséier a sief Mir dankbar.


71. O JONG VUM MËNSCH!

Schreif alles wat Mir dir offenbaart hunn, mat der Tënt vum Liicht op d’Tafel vun dengem Geescht. Sollt dat net an denger Muecht leien, da maach deng Tënt aus der Essenz vun dengem Häerz. Wann s du dat net kanns, da schreif mat där rouder Tënt, déi op Mengem Wee ausgeschott gouf. A Wierklechkeet ass dat méi séiss fir Mech wéi alles anescht; dass hiert Liicht fir ëmmer bestoe bleift.

 



Cette seconde partie, révélée en perse, fut traduite en anglais par Shoghi Effendi, le Gardien de la foi bahá’íe. La présente traduction en français a été effectuée à partir du texte anglais.

 

2ten Deel

Déi Verbuerge Wierder vum Bahá’u’lláh, aus dem Perseschen

 

Am Numm vum Här vun der Sprooch, Dee Mächtegen


1. O MËNSCHE MAT VERSTAND FIR ZE VERSTOEN AN OUERE FIR ZE HÉIEREN!

Den éischte Ruff vum Beléiften ass deen hei: O mystesch Nuechtegailchen! Verbleif néierens ausser am Rousegaart vum Geescht: O Buet vum Salomo vun der Léift! Sich keen Ënnerdach ausser am Saba vum Villbeléiften. O du onstierfleche Phönix! Looss dech néierens nidder ausser um Bierg vun der Trei. Do ass deng Wunneng, wann s du, op de Flillecke vun denger Séil zum Räich vum Onendleche flitts a versichs, däin Zil z’erreechen.

¹ vgl. Qur'an 27:15-44; 34:15


2 . O JONG VUM GEESCHT!

De Vugel sicht säin Nascht, d’Nuechtegailchen de Charme vun der Rous; d’Häerzer vun de Mënschen awer si wéi Vigel, déi sech, zefridde mat vergänglechem Stëbs, vun hirem éiwegen Nascht veriert hunn. Hir Aen op de Mouer vun der Uechtlosegkeet geriicht, hu si sech der Herrlechkeet vun der gëttlecher Presenz entzunn. O, wéi komesch an traureg; wéinst engem Becher hu si sech ewech gedréit vun de grousse Miere vum Allerhéchsten a bleiwe wäit ewech vum stralendsten Horizont.


3. O FRËND!

Planz näischt ausser der Rous vun der Léift an de Gaart vun dengem Häerz a looss d’Nuechtegailche vun der grousser Sympathie a vum Begieren net aus dengem Grëff. Hal den Ëmgank mat de Gerechten an Éier an hal dech ewech vun der Gesellschaft vun den Ongleewegen.

 

4. O JONG VUN DER GERECHTEGKEET!

Wou kann een, dee verléift ass goen, wann net an d’Land vun deem, deen hie gär huet? A wien, deen  op der Sich ass, géif Rou fannen, wäit ewech vum Verlaangere vu sengem Häerz? Fir deen, dee wierklech gär huet, ass d’Vereenegung d’Liewen an d’Trennung den Doud. Seng Broscht kennt keng Gedold a säin Häerz huet kee Fridden. Dausend Liewe géif hien hierginn, fir séier an d'Wunneng bei deen, deen hie gär huet, ze kommen.

 

5. O JONG VUM STËBS!

A Wierklechkeet soen Ech dir: Vun all de Mënschen ass deen am noléissegsten, deen ëmsoss streit a probéiert, sech iwwert säi Brudder z’erhiewen. So: O Bridder! Loosst Doten, net Wierder är Garnitur sinn!

 

6. O JONG VUN DER ÄERD!

Sief der bewosst: En Häerz, an deem nach déi klengste Spur vun Näid bleift, soll nimools Mäin éiwegt Räich erreechen, an nimools déi séiss Parfume vun der Hellegkeet anootmen, déi aus Mengem hellege Räich kommen.

 

7. O JONG VUN DER LÉIFT!

Du bass nëmmen ee Schrëtt ewech vun den herrlechen Héichten iwwert dir a vum himmlesche Bam vun der Léift. Maach dëse Schrëtt, a mat deem nächste komm eran an d’Räich vun der Onstierflechkeet an an d’Zelt vun der Éiwegkeet. Lauschter dann deem no, wat d’Fieder vun der Herrlechkeet offenbaart huet.

 

8. O JONG VUN DER HERRLECHKEET!

Tommel dech um Wee vun der Hellegkeet a komm eran an den Himmel vun der Gemeinschaft mat Mir. Rengeg däin Häerz mat der Flam vum Geescht a géi séier an den Haff vum Allerhéchsten.

 

9. O VERGÄNGLECHE SCHIET!

Looss déi niddreg Stufe vum Zweiwel hannert dir an erhief dech zu den erhuewenen Héichte vun der Gewëssheet. Maach d’A vun der Wourecht op, fir dass du déi onverschleiert Schéinheet kucke kanns an ausriffs: Geseent ass den Här, de beschte vun alle Schëpfer!

 

10. O JONG VUN DER LEIDENSCHAFT!

Lauschter no:  Stierflech Ae wäerten nimools déi éiweg Schéinheet erkennen, an en Häerz ouni Liewen erfreet sech nëmmen un enger wielecher Bléi. Well Gläiches sicht Gläiches, a gesellt sech gär zou eneen.

 

11. O JONG VUM STËBS!

Gëff blann, fir dass du Meng Schéinheet gesi kanns; gëff daf, fir dass du déi duuss Melodië vu Menger Stëmm héiere kanns; maach dech eidel vun allem Wëssen, fir dass du u Mengem Wëssen deelhuele kanns, a rengeg dech vu Räichtëmer, fir dass du aus dem Mier vu Mengem éiwege Räichtum e bleiwenden Undeel kréie kanns. Gëff blann, dat heescht fir alles ausser Menger Schéinheet. Gëff daf fir alles ausser Mengem Wuert; maach dech eidel vun allem Wëssen ausser Mir; sou dass du mat klorer Siicht, rengem Häerz an opmierksamem Ouer an den Haff vu Menger Hellegkeet erakomme kanns.

 

12. O MËNSCH MAT ZWOU VISIOUNEN!

Maach een A zou an dat anert op. Maach eent zou virun der Welt an allem, wat dran ass, a maach dat anert op fir déi gehellegt Schéinheet vum deem, dee jidderee gär huet.

 

13. O MENG KANNER!

Ech fäerten, dass dir, wann dir d’Lidd vun der Himmelsdauf net héiert, am Schiet vu vëllegem Vergiessen ënnergitt an ouni jeemols op d’Rous vun der Schéinheet ze kucken, nees zu Waasser a Stëbs gitt.

 

14. O FRËNN!

Gitt déi éiweg Schéinheet net op fir eng Schéinheet, déi stierwe muss, an hänkt äert Häerz net un dës stierflech Welt aus Stëbs.

 

15. O JONG VUM GEESCHT!

D’Zäit kënnt, wou d’Nuechtegailche vun der Hellegkeet d’Essenz vun de Geheimnisser net méi opdeckt, an dir ouni déi himmlesch Melodien an déi gëttlech Stëmm sidd..


16. O ESSENZ VUN DER NOLÉISSEGKEET!

Myriade vu mysteschen Zonge fannen hiren Ausdrock an enger Ried, a Myriade vu verstoppte Geheimnisser ginn an enger eenzeger Melodie offenbaart; mee, O mei, et ass keen Ouer do fir ze héieren, a keen Häerz do fir ze verstoen.

 

17. O KOMERODEN!

D'Paarten, déi sech fir dat Éiwegt opmaachen, sti grouss op, an d'Wunneng vum Beléiften ass gekleet mam Blutt vun deenen, déi gär hunn, awer all, bis op e puer bleiwe vun dëser himmlescher Stad ausgeschloss a souguer vun deene puer, ass nëmmen eng winzeg Handvoll mat rengem Häerz a gehellegtem Geescht fonnt ginn.

 

18. O DIR BEWUNNER VUM HÉCHSTE PARADÄIS!

Verkënnegt de Kanner vun der Gewëssheet, dass an de Räicher vun der Hellegkeet, no beim himmlesche Paradäis, en neie Gaart erschéngen ass, ëm deen d’Awunner vum Räich vun der Héicht an déi Onstierflech, déi am erhuewene Paradäis wunnen, kreesen. Beméit iech also, dass dir dëse Rang kritt, fir aus sengen Anemonen d’Mysterië vun der Léift z’enträtselen an aus sengen éiwege Friichten d’Geheimnis vu gëttlecher, vollkommener Wäisheet z’erkennen. Getréischt sinn d’Ae vun deenen, déi erakommen an dobanne wunnen!

 

19. O MENG FRËNN!

Hutt dir de wierklechen a stralende Muere vergiess wou dir alleguer a Menger Presenz vereent waart, ënnert dem Schiet vum Liewensbam, deen am allherrleche Paradäis geplanzt ass? Mat vill Respekt hutt dir gelauschtert, wéi Ech dës dräi héichhelleg Wierder geschwat hunn: O Frënn! Zitt net äre Wëlle Mengem vir, wënscht iech nimools dat, wat Ech net fir iech gewënscht hunn, a begéint Mir net mat engem Häerz ouni Liewen, beschmotzt mat weltleche Wënsch a Begierden. Wéilt dir nëmmen är Séilen helleg maachen, géift dir iech direkt un dës Plaz an dës Ëmgéigend erënneren, an d’Wourecht vu Menger Ried wier iech dann alleguer kloer.

 

20. An der aachter Zeil vun den hellegsten Zeilen, op der fënnefter Tafel vum Paradäis, seet Hien:

O DIR, DÉI DIR WÉI DOUT OP DER COUCHE VUN DER NOLÉISSEGKEET LEIT!

Jorhonnerte si vergaangen an är wäertvoll Liewe si bal eriwwer, awer nach keen eenzege rengen Hauch ass vun iech bis bei Eisen Haff vun der Hellegkeet komm. Obwuel dir am Mier vum Onglawen ënnergaange sidd, bekennt dir awer mat de Lëpsen deen eenzegen, richtege Glawen u Gott. Deen, deen Ech haassen, hutt dir gär, a Mäi Feind hutt dir zum Frënd gemaach. Trotz allem trëppelt dir op Menger Äerd, houfreg an zefridde mat iech selwer, ouni ze mierken, dass Meng Äerd ärer iwwerdrësseg ass, an dass alles sech vun iech ewechhält. Wéilt dir nëmmen är Aen opmaachen, géift dir a Wierklechkeet dausend Leiden dëser Freed virzéien, a géift souguer den Doud selwer dësem Liewe virzéien.

 

21. O FORM AUS STËBS, DÉI SECH BEWEEGT!

Ech wënsche Gemeinschaft mat dir, du awer hues kee Vertrauen a Mech. D’Schwäert vun denger Rebellioun huet de Bam vun denger Hoffnung ëmgehaen. Zu allen Zäite sinn Ech no bei dir, mee du bass ëmmer wäit ewech vu Mir. Onvergänglech Herrlechkeet hunn Ech fir dech gewielt, awer fir dech selwer hues du Erniddregung ouni Grenze gewielt., sou laang nach Zäit ass, komm erëm a verpass deng Chance net.


22. O JONG VUN DER LEIDENSCHAFT!

Déi Geléiert and déi Weis hu jorelaang ëmsoss probéiert, d’Presenz vum Allherrlechen z’erreechen; si hunn hiert Liewen domat verbruecht, no Him ze sichen, an awer hu si d’Schéinheet vu Sengem Gesiicht net gesinn. Du, ouni dee geréngsten Effort, hues däin Zil erreecht, an ouni ze sichen, hues du d’Zil vun Denger Sehnsucht fonnt. Trotz allem bloufs du sou am Schleier vum Egoismus agewéckelt, dass deng Aen d’Schéinheet vun deem, deen ee gär huet, net gesinn hunn, an deng Hand de Sam vu Sengem Kleed net beréiert huet. Dir, déi dir Aen hutt, kuckt a wonnert iech.


23. O AWUNNER AN DER STAD VUN DER LÉIFT!

Déidlech Stierm bedrängen déi éiweg liichtend Käerz, an d’Schéinheet vum himmlesche Jugendlechen ass zougedeckt an der Däischtert vum Stëbs. Den héchste Kinnek vun der Léift gëtt ënnerdréckt vum Vollek vun der Tyranei, an d’Dauf vun der Herrlechkeet läit gefaangen an de Kralle vun Eilen. D’Awunner am Zelt vun der Herrlechkeet an déi himmlesch Versammlung kräischen a kloen, während dir am Land vun der Noléissegkeet rout an iech awer nach zu den richtege Frënn zielt. Wéi eidel sinn är Virstellungen!


24. O DIR DABOEN, DÉI DIR ALS VERSTÄNNEG GËLLT!

Firwat huelt dir den Uschäin vun Hierden, wann dir dach ënnerlech zu Wëllef gouft, déi et op Meng Häerd ofgesinn hunn? Dir sidd sou wéi de Stär, deen opgeet ier et Dag gëtt, an deen, wéi wann en hell a stralend wier, d’Pilger vu Menger Stad an d’Ir féiert an op d’Weeër vum Verdiewen.


25. O DIR, DÉI DIR DEM SCHÄIN NO SCHÉI SIDD, MEE BANNENDRA FAUL!

Dir sidd wéi rengt awer battert Waasser, dat  kristallkloer ausgesäit, vun deem awer bei der Prouf vum gëttleche Préiwer net eng Drëps akzeptéiert gëtt. Jo de Sonnestral fällt genee sou op de Stëbs wéi op de Spigel, mee an hirer Spigelung ënnerscheede si sech wéi de Stär vun der Äerd: neen, onermiesslech ass den Ënnerscheed!

 

26. O MÄI FRËND DEM WUERT NO!

Denk e bëssen no. Hues du jee héieren, dass Frënd a Feind am selwechten Häerz wunnen? Da verdreif de Friemen, fir dass de Frënd a Seng Wunneng komme kann.

 

27. O JONG VUM STËBS!

Alles am Himmel an op der Äerd hunn Ech fir dech bestëmmt, ausser dem Häerz vum Mënsch, dat Ech zur Wunneng vu Menger Schéinheet a Menger Herrlechkeet gemaach hunn; awer du hues Meng Wunneng a Mäin Doheem engem Anere wéi Mir ginn; an all Kéier, wann den Offenbarer vu Menger Hellegkeet Säin eegent Haus gesicht huet, huet Hien do e Frieme fonnt an, ouni Ënnerdach, ass Hie séier zréckgaang zum Hellegtem vum Beléiften. Trotzdeem hunn Ech Mäi Geheimnis verstoppt an hunn deng Schan net gewënscht.

 

28. O ESSENZ VUM VERLAANGEN!

Wéi oft koum Ech mueres fréi aus de Räicher vum Onendlechen an deng Wunneng an hunn dech um Bett fonnt wou s de dech ausgerout hues, beschäftegt mat anere wéi mat Mir. Dorops hinn, sou wéi e Blëtz vum Geescht, sinn Ech zu de Räicher vun der himmlescher Herrlechkeet zréckgaang. Den Herschare vun der Hellegkeet a Mengem Himmel hunn Ech kee Wuert gesot.

 

29. O JONG VUN DER GUTTHEET!

Aus de Wüste vum Näischt, mam Leem vu Mengem Gebot hunn Ech dech geformt. Ech hu fir deng Erzéiung all Atom, deen et gëtt an d’Essenz vun allen erschafene Saachen zur Hëllef geholl. Sou, éiers du aus denger Mamm hirem Schouss koums, hunn Ech fir dech zwou Quelle vun heller Mëllech bestëmmt, Ae fir iwwert dech ze waachen, an Häerzer fir dech gär ze hunn. Duerch Meng Guttheet, ënnert dem Schiet vu Mengem Erbaarmen, hunn Ech dech erzunn, an duerch d’Essenz vu Menger Gnod a Gonscht hunn Ech iwwert dech gewaacht. Dëst alles hunn Ech gemaach, fir dass du a Mäin éiwegt Räich kënns, a Mengen onsichtbare Geschenker wierdeg gëss. An awer bass du liichtfankeg bliwwen a wéi s du erwuesse goufs, hues du all Meng Gefällegkeete vernoléissegt an hues dech mat dengen onnëtze Virstellunge beschäftegt, op eng Manéier wou s du ganz vergiesserlech goufs an dech vum Portal vum Frënd ëmgedréit hues, fir dech am Haff vu Mengem Feind nidderzeloossen.


30. O SKLAV VUN DER WELT!

Dacks ass den Hauch vu Menger Guttheet mueres iwwert dech komm an huet dech, am Schlof, um Lager vun der Oniwwerluechtheet fonnt. Voller Tréinen iwwert däin Zoustand goung en zréck, duer, vu wou e komm war.

 

31. O JONG VUN DER ÄERD!

Wann s du Mech begiers, sich keen ausser Mir. Wëlls du Meng Schéinheet kucken, da maach deng Aen zou virun der Welt an allem, wat dran ass. Well Mäi Wëllen an de Wëlle vun engem anere wéi mir, si sou wéi Feier a Waasser; si kënnen net zesummen an engem Häerz wunnen.

 

32. O FRIEMEN, DEEM FRËNDSCHAFT ERWISE GËTT!

D’Käerz vun dengem Häerz ass duerch d’Hand vu Menger Muecht ugefaang ginn, läsch si net mat deem entgéintgesate Wand vum Egoismus an der Leidenschaft. Menger ze gedenken ass d’Heelung vun all denge Krankheeten, vergiees et net. Maach Meng Léift zu Dengem Schaz a sief frou domat, sou wéi mat dengen eegenen Aen an dengem eegene Liewen.


33. O MÄI BRUDDER!

Lauschter op déi léif Wierder vu Mengem Zockermond an drénk de Floss vun der mystescher Hellegkeet a groussen Zich vu Menge séisse Lëpsen. Séi de Som vu Menger gëttlecher Wäisheet an de renge Buedem vun dengem Häerz an nätz e mam Waasser vun der Gewëssheet, fir dass an der gehellegter Stad vun dengem Häerz d’Hyazinte vu Menger Erkenntnes a Wäisheet frësch a gréng wuesse kënnen.

 

34. O BEWUNNER VU MENGEM PARADÄIS!

Mat Menge guttmiddegen Hänn hunn Ech am hellege Gaart vum Paradäis de jonke Bam vun ärer Léift a Frëndschaft geplanzt an hunn e genätzt mat den erfrëschende Reeschauere vu Menger zäertlecher Gnod; elo, wou e Friichte brénge soll, beméit iech, dass e geschützt gëtt an dass en net mat der Flam vum Pleséier an der Leidenschaft verziert gëtt.


35. O MENG FRËNN!

Läscht d’Luucht vum Iertum a fänkt an ärem Häerz d’éiwegt Feier  vun der gëttlecher Féierung un. Well geschwë wäerten d’Préiwer vun der Mënschheet an der helleger Presenz vum Ugebieten näischt méi unhuelen ausser där rengster Dugend an onbefleckten Doten.

36. O JONG VUM STËBS!

Déi Weis sinn déi, déi net schwätzen éier si Gehéier fannen, sou wéi de Mondschenk säi Kielech net reecht, bis hien ee fonnt huet deen duuschtereg ass, an deen, dee gär huet net aus senger déifster Séil rifft, bis hien d’Schéinheet vun deem gesäit, deen hie gär huet. Dofir séi d’Käre vun der Wäisheet an der Erkenntnes an de renge Buedem vum Häerz an hal se verstoppt, bis d’Hyazinte vun der gëttlecher Wäisheet aus dem Häerz, an net aus dem Bulli a Leem, opginn.

 

An der éischter Zéil vun der Tafel ass folgendes opgezeechent an niddergeschriwwen, a verstoppt am Hellegtum vum Tabernakel vu Gott:

 

37. O MÄIN DÉNGER!

Gëff déi éiweg Herrschaft net op fir eppes Vergängleches, a verwerf net déi himmlesch Souveränitéit fir en ierdescht Verlaangen. Dat hei ass de Floss vum éiwege Liewen, deen aus der Urquell vun der Fieder vum Allbaarmhäerzege fléisst. Glécklech déi, déi doraus drénken.


38. O JONG VUM GEESCHT!

Zerbriech däi Käfeg a wéi de Phönix vun der Léift, erhief dech an den Himmel vun der Hellegkeet. Entso dengem Ech an, erfëllt mam Geescht vun der Gnod, bleif am Räich vun der himmlecher Hellegkeet.


39. O OFLEEËR VUM STËBS!

Sief net zefridde mat der Liichtegkeet vun engem Dag dee vergeet, an enthal dech net der éiweger Rou. Tausch net de Gaart vun éiweger Freed mam Koup Stëbs vun enger stierflecher Welt. Erhief dech aus dengem Prisong an déi herrlech Gäert vum Himmel a fléi aus dem vergängleche Käfeg an d’Paradäis vum Onendlechen.


40. O MÄIN DÉNGER!

Maach dech fräi vun de Kette vun dëser Welt a maach deng Séil fräi vum Prisong vum Ech. Ergräif d’Geleeënheet, well si kënnt ni méi erëm.

 

41. O JONG VU MENGER MOD!

Géifs du dat éiwegt Räich gesinn, da géings du dech beméien, fir vun dëser vergänglecher Welt fortzekommen. Mee dir dat eent ze verstoppen an dat anert ze weisen ass e Geheimnis dat nëmmen déi verstinn, déi e rengt Häerz hunn.


42. O MÄIN DÉNGER!

Rengeg däin Häerz vu Béisheet a, fräi vun Näid, komm eran an den himmleschen Haff vun der Hellegkeet.


43. O MENG FRËNN!

Gitt op de Weeër, déi dem Frënd gutt gefalen, a sidd iech bewosst, dass Säi Pleséier de Pleséier vu Senge Kreaturen ass. Dat heescht: Kee soll an d’Haus vu sengem Frënd eragoen ausser mat sengem Accord, oder d’Hänn op seng Schäz leeën oder säin eegene Wëllen iwwert dee vu sengem Frënd stellen, an ënner kengen Ëmstänn versichen, vun him ze profitéieren. Denkt doriwwer no, dir, déi dir e klore Bléck hutt!


44. O KOMEROD VU MENGEM TROUN!

Lauschter näischt Schlechtes a kuck näischt Schlechtes, erniddreg dech net, keim net a kräisch net. Schwätz näischt Schlechtes, fir dass du näischt Schlechtes héiers a vergréisser d’Feeler vun deenen aneren net, fir dass deng eege Feeler net grouss erschéngen. Wënsch kengem Mënsch Erniddregung fir dass deng eegen Erniddregung net bekannt gëtt. Lief dann d’Deeg vun dengem Liewen, déi manner si wéi e flüchtege Moment, mat engem renge Geescht, engem onbefleckten Häerz, renge Gedanken, an engem  gehellegte Wiesen, fir dass du, fräi an zefridden, dës stierflech Form ewechleeë kanns an an dat mystescht Paradäis goen a fir ëmmer am éiwege Kinnekräich wunne kanns.

 

45. LEIDER, LEIDER, O DIR, DÉI DIR VUN IERDESCHE WËNSCH GEDRIWWE GITT!

Sou séier wéi de Blëtz sidd dir laanscht Dee gaangen, deen dir gär hutt, an hutt är Häerzer un däiwelzeg Fantasië gehaangen. Dir knéit iech virun ären eidele Virstellungen an nennt si d’Wourecht. Dir dréit är Aen dem Dar zou an nennt en eng Blumm. Kee rengen Hauch goung vun iech fort a keng Lëftche vun der Lassléisung koum vum Bongert vun ären Häerzer. Dee léiwe Rot vun Deem, deen dir gär hutt, hutt dir an de Wand geschloen an dir hutt Hie ganz vun der Tafel vun ärem Häerz gewëscht. A wéi d’Béischten um Feld verbréngt dir är Existenz op der Weed vum Verlaangen an der Leidenschaft.


46. O BRIDDER OP DEM WEE!

Firwat hutt dir et ënnerlooss, Deen ze ernimmen, deen dir gär hutt, a firwat sidd dir ewechbliwwe vu Senger helleger Presenz? D’Essenz vun der Schéinheet ass am onvergläichlechen Zelt, um Sëtz vun der Herrlechkeet, dir dogéint beschäftegt iech mat sënnlosem Sträit. Déi séiss Dëft vun der Hellegkeet stréimen an den Hauch vun der Generositéit bléist, awer dir alleguer hutt iech deem virenthalen an dir lieft an engem Misär, deen uerg wéi deet. Schued fir iech a fir déi, déi op äre Weeër ginn an äre Spuren noginn!


47. O KANNER VUN DER LEIDENSCHAFT!

Leet d’Gezei vun der eideler Herrlechkeet ewech a maacht iech fräi vum Kleed vun der Arroganz.

 

Op der drëtter vun der hellegster Zeil, déi vun der Fieder vum Onsichtbaren op d’rubinrout Tafel niddergeschriwwen an opgezeechent gouf, gëtt offenbaart:

 

48. O BRIDDER!

Sidd net ze streng ee mat deem aneren an hängt äert Häerz net un dës Welt. Sidd net houfreg an ärer Herrlechkeet a schummt iech net virun der Erniddregung. Bei Menger Schéinheet! Aus Stëbs hunn Ech all Saachen erschaf an dem Stëbs wäert Ech se nees zréckginn.

 

49. O KANNER VUM STËBS!

Erzielt deene Räiche vun de Mëtternuechtskloe vun den Aarmen, fir dass net Liichtfankegkeet si op de Wee vun der Zerstéierung féiert a si vum Bam vum Räichtum ewechhält. Ginn a sech generéis weise si Meng Zeechen. Wuel deem, dee sech mat Mengen Dugende kleet.


50. O QUINTESSENZ VUN DER LEIDENSCHAFT!

Lee all deng Gurmangzegkeet nidder a sich Zefriddenheet; well deem Gurmangzege feelt ëmmer eppes, a mat deem Zefriddene war een nach ëmmer frou an et huet een hien nach ëmmer gelueft.

 

51. O JONG VU MENGER MOD!

Sief net besuergt an der Aarmutt nach selbstsécher am Räichtum, well no der Aarmutt kënnt Räichtum an nom Räichtum kënnt Aarmutt. Awer aarm sinn an allem ausser a Gott  ass e wonnerbaren Don, setz de Wäert dovun net erof, well zum Schluss mécht en dech räich a Gott an da verstees du d’Bedeitung vum Vers: „Wierklech, dir sidd déi Aarm“  an déi helleg Wierder „Gott ass deen, deem alles gehéiert“ liichte wéi dee richtege Mueren herrlech stralend um Horizont vu sengem Häerz op an du bleifs sécher um Troun vum Räichtum.

¹ Qur'an 35:15


52. O KANNER VUN DER NOLÉISSEGKEET AN DER LEIDENSCHAFT!

Dir hutt Mäi Feind a Mäin Haus eragelooss, a Mäi Frënd hutt dir erausgehäit, well an är Häerzer hutt dir d’Léift vun engem anere wéi Mir eragelooss. Lauschtert de Wierder vum Frënd no an dréit iech zu sengem Paradäis. Weltlech Frënn, déi hiren eegene Virdeel sichen, schéngen sech een deen anere gär ze hunn, awer dee richtege Frënd hat iech gär an huet iech gär wéinst ärer; a Wierklechkeet, fir iech ze féieren, huet Hien onzielbar Leiden erdroen. Sidd sou engem Frënd géintiwwer net ontrei, neen, gitt séier bei Hien. Sou ass d’Wuert vun der Wourecht an der Trei, dat sech wéi d’Mueressonn um Horizont vun der Fieder vum Här vun allen Nimm erhuewen huet. Maacht är Oueren op fir dass dir d’Wuert vum Härgott héiere kënnt, vun Deem, deen an der Gefor hëlleft, vun Deem, deen duerch sech selwer ass.

 

53. O DIR, DÉI DIR IECH MAT VERGÄNGLECHE RÄICHTËMER BRETZT!

A Wierklechkeet sidd iech bewosst, dass Räichtum eng mächteg Barrière ass tëschent deem, dee sicht, a sengem Verlaangen, deem, dee gär huet, a sengem Allerléifsten. Déi Räich, ausser e puer, erreechen op kee Fall den Haff vu senger Presenz, nach komme si an d’Stad vun der Zefriddenheet an der Resignatioun eran. Gutt steet et ëm deen, dee räich ass, deem säi Räichtum hie weder vum éiwege Kinnekräich nach vun der onvergänglecher Herrlechkeet ofhält! Beim Gréissten Numm! De Glanz vu sou engem räiche Mann erliicht d’Bewunner am Himmel sou wéi d’Sonn d’Leit vun der Äerd erliicht!


54. O DIR RÄICH OP DER ÄERD!

Déi Aarm an ärer Mëtt si Mäin Dépôt; Passt op Mäin hellegen Dépôt op a beschäftegt iech net nëmmen domat, dass et iech gutt geet.

 

55. O JONG VUN DER LEIDENSCHAFT!

Rengeg dech vum Stëbs vu Räichtemer an a vollkommenem Fridden géi an an d’Räich vun der Aarmutt; fir dass du vun der Quell vun der Lassléisung de Wäi vum éiwege Liewen drénke kanns.

 

56. O MÄI JONG!

D’Gesellschaft vun den Ongleewege vergréissert d’Leed, während d’Gemeinschaft mat de Gerechten de Rascht vum Häerz ewechhëlt. Deen, dee mat Gott kommunizéiere wëll, dee soll Zuflucht siche bei deenen, déi frou si mat Him; an deen, deen d’Wuert vu Gott héiere wëll, dee soll de Wierder vu Sengen Auserwielten nolauschteren.


57. O JONG VUM STËBS!

Pass op! Verkéier net mam Ongleewegen a sich seng Gesellschaft net, well sou en Ëmgank ännert d’Ausstralung vum Häerz an d’Feier vun der Hell.

 

58. O JONG VU MENGER MOD!

Wanns du d’Gnod vum Hellege Geescht sichs, da komm eran an d’Gemeinschaft mam Gerechten, well hien huet d’Coupe vum éiwege Liewen aus der Hand vum onstierfleche Mondschenk gedronk, a sou wéi de wierkleche Mueren belieft an erliicht hien d’Häerzer vun den Doudegen.


59. O DIR, DÉI DIR NOLÉISSEG SIDD!

Mengt net, dass d’Geheimnisser vun den Häerzer verstoppt sinn; neen, sidd iech mat Sécherheet bewosst, dass si an däitlechen Zeechen agemeesselt sinn an an der helleger Presenz kloer sichtbar sinn.

 

60. O FRËNN!

A Wierklechkeet soen Ech, alles wat dir an ären Häerzer verstoppt hutt, ass fir Eis kloer an evident wéi den Dag, mee dass et verstoppt ass, ass Eis Gnod a Gonscht an net äre Verdéngscht.


61. O JONG VUM MËNSCH!

Eng Dadrëps aus dem onerschëpfleche Mier vu Mengem Erbaarmen hunn Ech op d’Vëlker vun der Äerd fale gelooss, hunn awer kee fonnt, dee se beuecht huet, well jidderee sech vum himmlesche Wäi vun der Eenheet ewechgedréit huet fir sech dem faule Knascht vun deem, wat net reng ass, zouzedréien. An zefridde mam stierfleche Becher hu si d’Coupe vun der onstierflecher Schéinheet ewech gestallt. Aarmséileg ass dat, woumat ee sech zefridde gëtt.

 

62. O JONG VUM STËBS!

Dréi deng Aen net ewech vum onvergläichleche Wäi vum Onstierflechen, dee Mir gär hunn, a maach si net op fir faulen a stierfleche Saz . Huel aus den Hänn vum gëttleche Mondschenk d’Coupe vum onstierfleche Liewen, fir dass all Wäisheet deng gëtt a fir dass du déi mystesch Stëmm aus dem Räich vum Onsichtbare ruffen héiers. Jäizt, dir, déi dir niddregen Ziler zoustrieft! Firwat hutt dir léiwer vergänglecht Waasser wéi Mäin hellegen, onvergängleche Wäin?


63. O DIR VËLKER VUN DER ÄERD!

A Wierklechkeet sidd iech bewosst, dass eng onerwaart Kalamitéit iech verfollegt an dass iech eng uerg Strof erwaart. Mengt net, dass dat, wat dir gemaach hutt aus Menger Siicht geläscht gouf. Bei Menger Schéinheet! All är Doten huet Meng Fieder mat klore Buchstawen op Tafele vu Chrysolith gravéiert.

 

64. O DIR ËNNERDRÉCKER OP DER ÄERD!

Huelt är Hänn ewech vun der Tyranei, well Ech hu Mir versprach, kengem Mënsch seng Ongerechtegkeet ze verzeien. Dat ass Meng Allianz, déi Ech onwidderrufflech op der preservéierter Tafel beschloss a mat Mengem Sigel besigelt hunn.

 

65. O DIR REBELLEN!

Meng Gnod huet iech kéng gemaach; Meng Gedold huet iech noléisseg gemaach op sou eng Aart a Weis,  dass dir elo op dem feierege Krichspäerd vun der Leidenschaft reit, op geféierleche Weeër, déi an d’Verdierwe féieren. Hutt dir geduecht, Ech wier liichtsënneg oder onwëssend?

 

66. O DIR AUSWANDERER!

D’Zong hunn Ech dozou bestëmmt, Mech z’ernimmen, besuddelt si net doduerch, dass dir anerer erofmaacht. Wann d’Feier vum Ech iech iwwerkënnt, erënnert iech un är eege Feeler an net un d’Feeler vu Menge Kreaturen, well jo jidderee vun iech sech selwer besser kennt wéi déi aner.

 

67. O KANNER VUN DER ABILDUNG!

A Wierklechkeet, sidd iech bewosst dass, an där Zäit wou den helle stralende Mueren um Horizont vun éiweger Hellegkeet ubrécht, déi satanesch Heemlechkeeten an Doten, déi  an der Däischtert vun der Nuecht gemaach ginn, virun de Vëlker vun der Welt opgedeckt an duergeluecht ginn.

 

68. O ONKRAUT, DAT AUS DEM STËBS WIISST!

Wéi ass et, dass deng knaschteg Hänn net fir d’éischt däin eegent Kleed beréiert hunn a firwat versichs du, mat Mir ze kommunizéieren an a Mäin hellegt Räich eranzekommen, obschonn däin Häerz vu Loscht a Leidenschaft beschmotzt ass? Wäit, wäit sidd dir vun deem ewech, wat dir iech wënscht.

 

69. O KANNER VUM ADAM!

Helleg Wierder a reng a gutt Doten erhiewe sech zum Räich himmlecher Herrlechkeet. Strieft, dass är Wierker gerengegt si vum Stëbs vum Egoismus an der Schäinhellegkeet an am Haff vun der Herrlechkeet ugeholl ginn; well geschwë huelen d’Préiwer vun der Mënschheet an der helleger Presenz vum Ugebieten nëmmen nach absolutt Dugend an onbeflekt Rengheet un. Dat ass d’Sonn vun der Wäisheet a vum gëttleche Geheimnis, déi iwwert dem Horizont vum gëttleche Wëlle geschéngt huet. Geseent sinn déi, déi sech hir zoudréien.

 

70. O JONG VUN DER LIICHTSËNNEGKEET!

Agreabel ass d’Räich vun der Existenz, wann s du et erreechs; herrlech ass d’Gebitt vun der Éiwegkeet, solls du dech iwwert dës stierflech Welt erhiewen! Séiss ass déi helleg Extas, wann s du vum mystesche Kielech aus den Hänn vum himmlesche Jüngling drénks. Sollts du dës Stuf erreechen, wäerts du fräi si vun Zerstéierung an Doud, vun haarder Aarbecht a Sënn.

 

71. O MENG FRËNN!

Erënnert iech un dëse Pakt, deen dir mat Mir um Bierg Paran am hellege Beräich vu Zaman gemaach hutt. Déi himmlesch Heerscharen an d’Awunner vun der Stad vun der Éiwegkeet hunn Ech als Zeie geholl, mee elo fannen Ech keen, deen dësem Pakt trei bleift. Mat Sécherheet hu Stolz a Rebellioun e sou vun den Häerzer ewechgewëscht, dass keng Spur dovun iwwreg bleift. Obschonn Ech dat wosst, hunn Ech gewaart an hunn et net bekannt gemaach.


72. O MÄIN DÉNGER!

Du bass wéi e gutt gehäertent Schwäert, verstoppt an der Däischtert vu senger Scheed, a säi Wäert ass dem Kënschtler net bekannt. Dofir komm eraus aus der Scheed vum Egoismus an der Loscht, fir dass däi Wäert virun der ganzer Welt glënnert a kloer gëtt.


73. O MÄI FRËND!

Du bass d’Sonn am Himmel vu Menger Hellegkeet, looss d’Verschmotzunge vun der Welt däi Glanz net verdonklen. Zerräiss de Schleier vun der Noléissegkeet, fir dass du hannert de Wolleke stralend erauskomme kanns an all Saache mam Gezei vum Liewe kleede kanns.

 

74. O KANNER VUN DER GROUSSAARTEGKEET!

Fir eng vergänglech Herrschaft hutt dir Mäin onvergänglecht Räich opginn an iech mam lëschtege Kreemche vun der Welt gerëscht an iech domat gebretzt. Bei Menger Schéinheet! Iech alleguer wäert Ech ënnert der groer Decke vum Stëbs versammelen an iech all déi verschidde Faarwen ewechhuelen, ausser bei deenen, déi Meng Faarf wielen, a si ass gerengegt vun all Faarf.


75. O KANNER VUN DER NOLÉISSEGKEET!

Hängt äert Häerz net un eng Herrschaft, déi vergeet, an erfreet iech hirer net. Dir gläicht dem onvirsiichtege Vugel, dee voll Vertrauen an den Äscht zwitschert, bis op eemol de Vigelfänger vum Doud hien an de Stëbs geheit an d’Melodien, d’Form an d’Faarf fort sinn, ouni eng Spur ze hannerloossen. Dofir gitt uecht, O Kniecht vum Verlaangen!

 

76. O JONG VU MENGER MOD!

Féierung gouf et ëmmer duerch Wierder, an elo geschitt se duerch Wierker. Jidderee muss  Dote weisen déi reng an helleg sinn, well Wierder gehéiere jidderengem, awer Wierker wéi déi hei gehéieren nëmmen deenen, déi Mir gär hunn. Strieft duerfir mat Häerz a Séil, iech duerch Wierker auszezeechnen. Sou rode Mir iech op dëser helleger a stralender Tafel.

 

77. O JONG VUN DER GERECHTEGKEET!

An der Nuecht huet sech déi onstierflech Schéinheet vun där smaragdener Héicht vun der Trei zum Sadratu‘l-Muntahá zréckgezunn an huet sou batter gekrasch, dass déi himmlesch Heerscharen an d’Awunner vun de Räicher do uewe virun hirem Gekloots gejéimert hunn. Dorops gouf gefrot, firwat dëst Jéimeren a Kräischen? Si huet geäntwert: Sou wéi Ech ugestallt gouf, hunn Ech mat Erwaardung um Hiwwel vun der Trei gewaart, hunn awer net de Parfum vun der Trei vun deenen, déi op der Äerd wunnen, ageotemt. Wéi Ech dunn zréckgeruff gouf, hunn Ech gekuckt an hu gesinn, wéi e puer Dauwe vun der Hellegkeet an de Kralle vun ierdeschen Hënn zerquëtscht waren. Doropshi koum d’Himmelsdéngerin liichtend an entschleiert séier aus hirer mystescher Wunneng eraus an huet no hiren Nimm gefrot, an all goufe se genannt ausser engem. A wéi Si insistéiert huet, gouf den éischte Buchstaf dovu gesot, wouropshinn d’Awunner vun den himmlesche Räim séier aus hirer Wunneng vun der Herrlechkeet koumen. A wéi den zweete Buschstaf ausgesprach gouf, si si all ouni Ausnam an de Stëbs gefall. An deem Moment konnt een eng Stëmm aus dem Fong vum Hellegtum héieren: „Bis heihinn an net weider!“ A Wierklechkeet bezeie Mir dat, wat si gemaach hunn an elo maachen.

 

78. O JONG VU MENGER MOD!

Drénk vun de Lëpse vum Baarmhäerzegen de Floss vum gëttleche Geheimnis a betruecht vun der Quell vum gëttleche Wuert den entschleierte Glanz vun der Sonn vun der Wäisheet. Séi d’Somkäre vu Menger gëttlecher Wäisheet an de renge Buedem vum Häerz, an nätz si mam Waasser vun der Gewëssheet, fir dass d’Hyazinthe vum Wëssen an der Wäisheet, frësch a gréng an der helleger Stad vum Häerz, kënnen ufänken ze kommen.

 

79. O JONG VUM VERLAANGEN!

Wéi laang nach wëlls du an de Sphäre vun der Loscht schwiewen? Flilleken hunn Ech dir gi fir an d’Räicher vu mystescher Hellegkeet ze fléien an net an d’Regioune vun diabolescher Virstellung.

E Kamp hunn Ech dir och ginn, fir dass du Meng schwaarz Krauselen an d’Rei maache kanns an net fir domat Mäin Hals ze zerräissen.[5]

 

80. O MENG DÉNGER!

Dir sidd d’Beem vu Mengem Gaart. Dir musst gutt a wonnerbar Friichten droen, fir dass dir selwer an anerer dovun Notzen zéie kënnt. Dofir soll jidderee vun iech en Handwierk oder e Beruff ausüben, well doranner läit d’Geheimnis vum Räichtum, O Mënsche mat Verstand! Well d’Resultater hänke vun de Mëttelen of, an d’Gnod vu Gott soll iech voll a ganz duergoen. Beem, déi keng Friichten droen, ware schonn ëmmer a wäerten nach ëmmer fir d’Feier bestëmmt sinn.

 

81. O MÄIN DÉNGER!

Déi onwierdegst Mënsche sinn déi, déi op der Äerd keng Friichten droen. Sou Mënsche gi wierklech zu den Doudege gezielt, jo souguer déi Doudeg si besser viru Gott wéi dës liddereg, näischnotzeg Séilen.

 

82. O MENG DÉNGER!

Déi bescht Mënsche sinn déi, déi hire Liewensënnerhalt duerch e Beruff verdéngen an hir Sue fir sech an hir Famill ewechginn, an der Léift zu Gott, dem Här vun alle Welten.

 

Déi mystesch a wonnerbar Braut, virdrun hannert dem Schleier vun der Ried verbuergen, gouf elo, duerch Gottes Gnod a Seng gëttlech Gonscht, sichtbar wéi déi stralend Luucht, déi vun der Schéinheet vun Deem ausgeet, dee jidderee gär huet. Ech bezeien, O Frënn! D’Gonscht ass komplett, d’Argument ass erfëllt, de Beweis ass erbruecht, an d’Evidenz etabléiert. Kucke Mir elo, wat är Beméiungen um Wee vun der Lassléisung weise wäerten. Op dës Manéier gouf déi gëttlech Gonscht iech an all deenen, déi am Himmel an op der Äerd sinn, voll a ganz accordéiert. All Luef sief Gott, dem Här vun alle Welten.

 

 

 

Umierkungen – Notes – Anmerkungen

 



[1] The Compilation of Compilations Prepared by the Universal House of Justice 1963-1990, Volume I, No 40

[2] Den Glauben vertiefen/aus d. Schr. Bahá'u'lláhs, 'Abdu'l-Bahás u. Shoghi Effendis. Zsgest. von d. Forschungsabt. d. Universalen Hauses d. Gerechtigkeit. Hofheim-Langenhain: Bahá'í-Verlag, 1984, No 40

[3] No marginal notes should be added except any of 'Abdu'l-Bahá Himself or the notes of the Cairo edition. (Shoghi Effendi, The Light of Divine Guidance v II, p. 63)

[4] The Compilation of Compilations Prepared by the Universal House of Justice 1963-1990, Volume I 1991 Bahá'í Publications Australia, No 36

[5] Der Ausdruck "Meine schwarzen Locken zu kämmen, und nicht, Meine Kehle damit zu verwunden" ist eine allegorische Warnung Bahá'u'lláhs davor, etwas von dem zu mißbrauchen, was Er der Welt geschenkt hat (06.09.1937 - Sekr.)(Secundaer Literatur, Ian Semple - Der Hueter)

Holy-Writings.com v2.7 (213613) © 2005 - 2020 Emanuel V. Towfigh & Peter Hoerster | Imprint | Change Interface Language: DE