Read: 1985 Okt, D'Versprieche vum Weltfridden


D'Verspriech vum Weltfridden

D'Versprieche vum Weltfridden

Eng Deklaratioun vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet un d'Vëlker vun der Welt

Oktober 1985

Un d'Vëlker vun der Welt

Dee Grousse Fridden, no deem d'Mënsche vu guddem Wëllen am Laf vun de Jorhonnerten esou staark verlaangert hunn, dee Prophéiten an Dichter zënter ville Generatiounen an hire Visioune beschriwwen an deen déi helleg Schrëften vun der Mënschheet zënter jeehier ugekënnegt hunn, ass fir d'Natiounen elo endlech gräifbar ginn. Fir d'éischt an der Geschicht huet haut jiddereen d'Méiglechkeet, de ganze Planéit an déi Onmass vu Vëlker, déi op em liewen, an enger globaler Perspektiv ze gesinn. Weltfridden ass net méi nëmme méiglech, en ass onëmgänglech ginn. En ass déi nächst Etapp an eisem Planéit senger Entwécklung – „d'Planéitiséierung vun der Mënschheet“, wéi e groussen Denker et ausdréckt.

Ob de Fridden eréischt no onvirstellbare Leiden erreecht gëtt, déi d'Mënschen doduerch erbäiféieren, datt se stur un ale Verhalensweise festhalen, oder ob mir en elo, an engem Akt vu gemeinsamem Wëllen, zustanbréngen, dat ass d'Entscheedung, virun där all déi stinn, déi op der Äerd wunnen. Zu dësem kriteschen Zäitpunkt, wou déi vill bal onléisbar Problemer, déi d'Natioune belaaschten, an enger gemeinsamer Suerg fir déi ganz Welt zum Ausdrock kommen, wär et absolutt onveräntwerlech, wa mir et net géife fäerdegbréngen, fir deene sëllege Konflikter an Onroue mat den néidege Moossnamen ze begéinen.

Gënschteg Zeeche sinn déi ëmmer méi grouss Ustrengunge fir d'Verwierklechung vun enger Weltuerdnung: fir d'éischt d'Schafe vum Vëlkerbond am Ufank vum Jorhonnert, duerno, op méi enger breeder Grondlag, d'Organisatioun vun de Vereenten Natiounen; dann d'Tatsaach, dass zënter dem Zweete Weltkrich, d'Majoritéit vun alle Länner onofhängeg gi sinn, wat drop hiweist, dass de Prozess vum Opbau vun den Natiounen op en Enn geet; an och dëse jonken Natiounen hir Bedeelegung, zesumme mat méi alen, un Affäre vu gemeinsamen Intressi; déi doduerch bedéngte vill méi enk Zesummenaarbecht tëschent Vëlker a Gruppen, déi bis elo isoléiert oder zerstridde waren, am Kader vun internationale Projekter op wëssenschaftlechem, erzéiereschem, legislativem, wirtschaftlechem a kulturellem Plang; d'Grënnung vu sëllegen internationalen humanitären Organisatiounen am Laf vun de leschte Jorzéngten; d'Verbredung vu Fraen- a Jugendbewegungen, déi derzou opfuerderen, de Krich ofzeschafen; an dat spontaant, ëmmer méi grousst Netzwierk vun einfache Leit, déi no Verstännegung duerch perséinlech Kontakter sichen.

De wëssenschaftlechen an technologesche Fortschrëtt, deen an dësem ongewéinlech verwinnte Jorhonnert gemaach gëtt, bedeit e grousse Schrack vijenzeg fir dem Planéit seng sozial Entwécklung, an e weist eis, mat wéi enge Mëttelen der Mënschheet hir praktesch Problemer kënne geléist ginn. Hie gëtt eis wierklech déi Mëttelen an d'Hand, mat deene sech dat komplizéiert Liewen an enger gëeentener Welt regele léist. Mee et bestinn nach Hënnernesser. Zweiwel, Mëssverständnesser, Viruerteler, Mësstrauen a bornéierten Egoismus belaaschten d'Bezéiungen tëschent Länner a Vëlker.

Aus engem déiwe Gefill vu geeschteger a moralescher Verflichtung eraus spiere mir zu dësem gënschtegen Zäitpunkt den Drang, Iech op déi déifgräifend Iddien opmierksam ze maachen, déi der Mënschheet hir Regéirer fir d'éischt virun iwwer honnert Joer gewuer goufen duerch Bahá'u'lláh, Begrënner vum Bahá'í Glawen, deem seng Verwalter mir sinn.

„De Wand vun der Verzweiflung“, sot Bahá'u'lláh a senge Schrëften, „bléist leider aus alle Richtungen, an de Sträit, deen d'Mënschen auserneen dreift a bedréckt, hëlt all Dag zou. D'Unzeeche vun Ëmwälzungen a chaoteschen Zoustänn, déi kuerz bevirstinn, erkennt ee schonn elo un där etabléierter Uerdnung hirer lamentabler Feelerhaftegkeet.“ Dës prophéitesch Aschätzung ass duerch der Mënschheet hir gemeinsam Erfarung genuch konfirméiert ginn. D'Fehler vun der etabléierter Uerdnung weise sech däitlech doran, dass déi al Vereent Natiounen organiséiert souverän Staaten net amstand sinn, d'Gespenst vun engem Krich ze verdreiwen, oder och d'Gefor, dass déi international Wirtschaftsuerdnung zesummebrécht, d'Ausbrede vun Anarchi an Terrorismus an déi onvirstellbar Péng, déi dës an nach aner Ploen fir ëmm méi Millioune Mënsche bedeiten. Agrressiounen a Konflikter si mëttlerweil därmoossen e Bestanddeel vun eise sozialen, wirtschaftlechen a reliéise Systemer ginn, dass vill Leit mengen, dëst Behuele léich an der Natur vum Mënsch a kéint dofir net geännert ginn.

D'Verwuerzelung vun dëser Meenung huet an de mënschlechen Ugeleënheten e Widdersproch geschaf, dee se paraliséiert. Engersäits versécheren d'Mënschen aus allen Natiounen, datt si net nëmme prett sinn, mee duerno verlaangeren, fir a Fridden an Harmonie ze liewen a fir déi qualvoll Ängscht ze iwwerwannen, déi hiert deeglecht Liewe bedrécken. Op där aner Säit akzeptéiere si awer ouni sech ze mucksen d'Opfaassung, de Mënsch wir onverbesserlech egoistesch an aggressiv an duerfir net amstand, e soziale System opzebauen, deen an engems progressiv a friddlech, dynamesch an harmonesch ass, e System, deen der individueller Kreativitéit an Initiativ fräie Laf léisst, mee op Zesummenaarbecht an op Géigesäitegkeet berout.

An deem Mooss, wéi Noutwennegkeet vum Fridden zouhëlt, forcéiert eis dëse grondsätzleche Widdersproch, d'Hypotheesenen, op déi sech déi gelefeg Astellung zu der Mënschheet hirem historeschen Dilemma grënnt, nei ze iwwerpréiwen. Wann een déi Saach objektiv ënnersicht, weist sech, dass esou eng Astellung, wäit dervun, dem Mënsch säi wierklecht Wiesen erëmzeginn, eng Verzerrung vum mënschleche Geescht bedeit. Esou bal all Vëlker sech doriwwer kloer sinn, kënne si konstruktiv sozial Kräften a Bewegung setzen, déi der mënschlecher Natur entspriechen an duerfir Harmonie an Zesummenaarbecht encouragéieren amplaz vu Krich a Sträit.

Dëse Wee ze wielen heescht net, der Mënschheet hir Vergaangenheet ze leegnen, mee se ze verstoen. De Bahá'í Glawen betruecht déi momentan weltwäit Confusioun an déi verhängnesvoll Situatioun vun de mënschlechen Ugeleeënheten als eng natierlech Phas an engem organesche Prozess; dëse Prozess, dee sech net ophale léisst, wäert um Enn zur Enegung vun der mënschlecher Rass an engem eenzege grousse soziale System féieren, deem seng Grenzen déi vum ganze Planéit sinn. Als eegen, organesch Unitéit huet d'mënschlech Rass eng Rei vun Evolutiounsstadien duerchlaf, déi dem Puppelchesalter an der Kannerzäit am Liewe vum Eenzelne gläichen, a si ass elo um Héichpunkt vun hirer turbulenter Jugend ukomm an um Wee endlech maans ze ginn.

Wa mer eis éierlech agestinn, dass Viruerteler, Krich an Exploitatioun den Ausdrock vun onräife Phasen an engem groussen historesche Prozess waren, an dass d'Mënschheet haut déi onvermeidlech Tumulter erlieft, déi mam Erreeche vun hirer kollektiver Maturitéit verbonne sinn, dann ass dat kee Grond fir de Kapp hänken ze loossen, mee eng Viraussetzung fir déi formidabel Aufgab, eng friddlech Welt opzebauen. Dass dës Aufgab ka verwierklecht ginn, dass déi noutwenneg konstruktiv Kräften do sinn an dass sozial Strukture kënne geschaf ginn, déi d'Mënschen zouenee féieren, biede mer Iech onbedéngt z'iwwerleeën. Egal wéivill Leed an Onrou eis an denen nächste puer Joren erwaarden, egal wéi däischter d'Situatioun op kuerz Zäit gesinn och ass, d'Bahá'í-Communautéit ass iwwerzeegt, dass d'Mënschheet dësem gréissten Test ka mat rouegem Gewëssen entgéint goen. Déi Emwälzungen, op déi d'Mënschheet ëmmer méi séier zoudreift, signaliséieren nach laang net d'Enn vun der Zivilisatioun; si hëllefe villméi, déi „Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien“, fräizesetzen a „seng ierdesch Bestëmmung, déi ugebueren Auszeechnung vu sénger Wierklechkeet a vollem Mooss“ opzedecken.

 

I.

D'Fäegketen, déi d'mënschlech Rass vun all anere Liewensformen, ënnerscheeden, loosse sech an deem zesummefaassen, wat een de mënschleche Geescht nennt; de Verstand ass seng wichtegst Egeschaft. Dës Fäegkeeten hunn et der Mënschheet erméiglecht, Zivilisatiounen opzebauen a materiell gutt virunzekommen. Allerdéngs hunn esou Leeschtungen eleng et ni fäerdeg bruecht, de mënschleche Geescht zefridden ze stellen, deen a sénger mysteriéiser Aart op Transzendenz ausgeriecht ass, op d'Striewen no enger onsichtbarer Welt, no der leschter Wourecht, deem onerkennbare Wiese vun allem Wiesen, dat mir Gott nennen. D'Reliounen, déi der Mënschheet duerch eng Successioun vu geeschtege Kapazitéite bruecht goufen, waren d'Haaptverbindung tëscht der Mënschheet an dëser leschter Wourecht; si hunn dem Mënsch seng Fäegkeet, fir an engems geeschtegen Erfolleg a soziale Fortschrëtt ze erreechen, stimuléiert a raffinéiert. Keen eescht gemengte Versuch, déi mënschlech Uleiessen ze regelen an de Weltfridden ze verwierklechen, kann d'Relioun ignoréieren. D'Aart a Weis wéi de Mënsch si verstan a praktizéiert huet, maachen e groussen Deel vun der Geschicht aus. E bedeitenden Historiker huet d'Relioun als „Fäegkeet vun der mënschlecher Natur“ beschriwwen. Et léisst sech kaum ofstreiden, dass d'Perversioun vun dëser Fäegkeet vill zu der Confusioun an der Gesellschaft an zu de Konflikter an an tëscht eenzelner bäigedroen huet. Mee grad esou wéineg kann en objektiven Observateur den iwwergroussen Afloss erofspillen, deen d'Relioun op der Zivilisatioun hir wichtegst Expressiounsformen hat. Ausserdeem weist hir onmëttelbar Wierkung op Gesetz a Moral ëmmer nees, dass si fir d'sozial Uerdnung onentbierlech ass.

Iwwert d'Relioun als eng sozial Kraaft huet Bahá'u'lláh gesot: „D'Relioun ass dat wichtegst Mëttel fir Uerdnung an d'Welt ze bréngen a fir hir Bewunnder zefridden a friddlech ze stëmmen.“ Iwwert den Ennergang oder d'Korruptioun vun der Relioun huet hie geschriwwen: „Wann d'Luucht vun der Relioun méi schwaach gëtt, kënnt et zu Chaos a Confusioun, an d'Liicht vun der Oprichtegkeet, der Gerechtegkeet, der Rou an dem Fridden erläscht“. An enger Opzielung vun esou Konsequenze weisen d'Bahá'í Schrëften droph hin, dass „d'Perversioun vun der mënschlecher Natur, d'Verdierfnes vum mënschleche Behuelen, d'Korruptioun an d'Opléisung vu mënschlechen Institutiounen sech ënnert denen Emstänn vun hirer schlëmmster an ofstoussendster Säit weisen. De mënschleche Charakter verléiert seng Dignitéit, d'Vertrauen zerfällt, d'Disziplinn gëtt labber, d'Stëmm vum mënschleche Gewësse gëtt erstéckt, de Sënn dofir, wat anstänneg a wat schummenswäert ass, léisst no, all Konzeptioune vu Flicht, Solidaritéit, Géigesäitegkeet an Trei gi verdréit, an esouguer d'Gefiller vu Friddlechkeet, vu Freed a vun Hoffnung ginn no an no ausgeläscht.“

Wann also d'Mënschheet op deem kritesche Punkt ukomm ass, wou d'Konflikter se paralyséieren, da muss si d'Quell vun de Mëssverständnesser a vun der Confusioun, déi am Numm vun der Relioun entstane sinn, bei sech selwer sichen, bei hirer eegener Noléissegkeet a bei dene Stëmmen, dene si nogelauschtert a vun dene si sech verféiere geloos huet. Wie blann an egoistesch u sénger spezieller Orthodoxi festgehalen huet, wie séngen Unhänger falsch a widderspréchlech Interpretatiounen zu deem operluegt huet, wat d'Proféite vu Gott gesot hunn, deen dréit eng schwéier Verantwortung fir dës Confusioun – eng Confusioun, déi nach vergréissert gëtt duerch déi kënschtlech Barrieren tëscht Glawen a Verstand, tëscht Wëssenschaft a Relioun. Well wa mer déi tatsächlech Aussoe vun de grousse Reliounsstëfter an de soziale Milieu, an deem si hir Missioun hu missen ausféieren, objektiv ënnersichen, da fanne mir näischt, wat déi Behaaptungen a Viruerteeler ënnerstëtzt, déi der Mënschheet hir Reliounsgemeinschaften (an domat all mënschlech Ugeleeënheten) entfriemen.

D'Gebot, dass mir anerer solle behandelen, wéi mir selwer gär behandelt ginn, eng Ethik, déi ënnert där enger oder anerer Form an alle grousse Reliounen erëmkënnt, ënnermauert dës lescht Feststellung an zwou Hissiichten: et resuméiert déi moralesch Haltung, dee friddensstëftenden Aspekt, deen dës Reliounen onofhängeg vun hirer Ursprongsplaz an –zäit duerchzitt; an et weist op en Aspekt vun Eenheet hinn, deen hir wesentlech Dugend ass, eng Dugend, déi de Mënsch wéinst sengem inkoherente Geschichtsverständnes net amstand war z'appréciéieren.

Hätt d'Mënschheet d'Erzéier vun hirer gemeinsamer Kannerzäit als dat ugesinn, wat se waren, als Agente vun deem enge Prozess, dee se ziviliséiert huet, dann hätt se garantéiert onendlech méi Profit gezunn aus der kumuléierter Wierkung vun de Missiounen, déi si noeneen ausgefouert hunn. Leider huet se dëst net gemaach.

Dass a ville Länner e fanatesche reliéisen Äifer nees oplieft, kann een nëmmen als eng lescht Zuckung virum Doud betruechten. Eleng schonn am Ausbroch vu Gewalt an Zerstéierung, deen domat verbonnen ass, weist sech de geeschtege Bankrott hannert dësem Äifer. Eng vun den eegenaartegsten an trauregste Charakteristike bei deem aktuellen Opkomme vu reliéisem Fanatissem ass effektiv den Ausmooss, an deem hie vu Fall zu Fall net nëmmen déi geeschteg Wäerter ënnergrieft, déi de Mënschen hir Eenheet begënschtegen, mee och déi eenzegaarteg moralesch Triumpher vun där Relioun, déi e behaapt ze verdedegen.

Trotz där liewenswichteger Roll, déi d'Relioun an der Geschicht vum Mënsch gespillt huet, an trotz der Dramatik, mat där an eiser Zäit de militante reliéise Fanatissem erëm zouhëlt, betruechten zënter ville Jorzéngten ëmmer méi Leit d'Relioun an déi reliéis Institutiounen als irrelevant fir der Welt hir grouss Uleiessen; si ersetzen d'Relioun doduerch, dass se sech dem hedonistesche Striewen no materieller Befriddegung verschreiwen oder enger hausmaacher Ideologi noginn, déi d'Gesellschaft vun hirem offensichtleche Misär soll erléisen. Mee amplaz ze begräifen, dass d'Mënschheet eng Eenheet ass an d'Harmonie tëscht de verschiddene Vëlker ze vergréisseren, haten zevill vun dësen Ideologien d'Tendenz, fir de Staat ze vergëttlechen, de Rescht vun der Mënschheet ënnert eng bestëmmten Natioun, Rass oder Klass ze stellen oder all Diskusssioun an all Gedankenaustausch z'ënnerdrécken. Oder si hu Millioune vu Leit, déi Honger leiden, ongenéiert dem Mechanismus vun engem Wirtschaftssystem ausgesat, deen der Majoritéit hir Situatioun ganz kloer verschlëmmert, iwwerdeems en e puer klenge Gruppen d'Méiglechkeet gëtt, an engem Iwwerfloss ze liewen, vun deem eis Grousseltere knapps konnten dreemen.

Wéi schappeg ass dach d'Leeschtung vun den Ersatzreliounen, déi an eisem Zäitalter opkomm sinn. An der massiver Erniichterung vu ganze Populatiounen, déi geléiert goufen, un hiren Altär ze bieden, weist sech der Geschicht hiert onwidderrufflecht Urteel iwwert hire Wäert. Déi, déi hinnen hir Carrière an de mënschlechen Affäre verdanken, hu Jorzéngten erduerch ëmmer méi eng onbegrentze Muecht kritt; an d'Friichte vun där Entwécklung sinn déi sozial an ekonomesch Krankheeten, déi um Enn vum zwanzegste Jorhonnert all Regioun vun der Welt befall hunn. Hannert all dëse baussenzege Ploe gesäit een de geeschtege Schued an der Apathie, déi d'Mass vun der Bevëlkerung vun allen Natioune gepaakt huet, an am Ofstierwe vun Hoffnung an den Häerzer vu Milliounen, deenen dat Néidegst feelt an déi vun Angscht erfëllt sinn.

Elo ass d'Zäit, wou déi, déi den Dogma vum Materialismus priedegen, egal ob am Osten oder am Westen, egal ob am Kapitalismus oder am Sozialismus, musse Rechenschaft ofleeën iwwert déi geeschteg Féierung, déi se behaapt hunn ze vermëttelen. Wou ass déi „nei Welt“, déi dës Ideologië verspriechen? Wou ass den internationale Fridden, deem seng Idealer si wéi et schéngt ënnerstëtzen? Wou huet d'Glorifikatioun vun enger bestëmmter Rass, Natioun oder Klass et erméiglecht, an nei Beräicher vu kultureller Leeschtung virzestoussen? Firwat geet déi grouss Majoritéit vun de Vëlker vun der Welt ëmmer méi am Honger an am Misär ënner, wann déi aktuell Arbiteren vun de Mënschen hiren Uleiessen iwwert e Räichtem verfügen, dee sech d'Pharaoen, déi réimesch Keeser oder esouguer déi imperialistesch Muechten aus dem nonzéngte Jorhonnert am Dram net hätte kënne virstellen?

Et ass virun allem an der Verherrlechung vum Truechten no materielle Saachen – an engems d'Quell an déi gemeinsam Eegenschaft vun all deenen Ideologien – wou mir d'Wuerzel fannen, aus där déi falsch Opfaassung staamt, dass d'Mënschen onverbesserlech egoistesch an aggressiv sinn. Hei muss de Buedem preparéiert gi fir d'Opriichte vun enger neier Welt, an där sech eis Kanner kënne wuel fillen.

Wéi d'Erfarung weist, hunn déi materialistesch Idealer et net fäerdegbruecht, der Mënschheet hir Bedierfnësser zefriddenzestellen; dofir sollte mer éierlech sinn an zouginn, dass elo en neien Effort muss gemaach ginn, fir dem Planéit seng akut Problemer ze léisen. Déi onerdréiglech Conditiounen, déi an der Gesellschaft virherrschen, verroden e gemeinsaamt Versoe vun alle Mënschen, en Ëmstand, deen d'Divisioun tëscht deene verschiddene Gruppen nach éischter verstäerkt, wéi se ofzebauen. Ouni Zweiwel ginn hei dréngend gemeinsam Léisungsustrengunge gebraucht. Et ass virun allem eng Fro vun der Astellung. Wäert d'Mënschheet weiderfueren, de Kapp ze weisen an un iwwerliefte Konzepter an onveräntwerbaren Hypotheese festzehalen? Oder wäerten hir Cheffen, onofhängeg vun hirer Ideologi, virtrieden a resolutt matenee beroden, fir zesummen déi richteg Äntwerten ze fannen?

Wiem d'Zukunft vun der mënschlecher Rass net egal ass, sollt sech dëse Rot zu Häerz huelen: „Wa laang ënnerstëtzten Idealer a fest verankert Institutiounen, wa verschidden Hypotheese vum Zesummeliewen a bestëmmt reliéis Bekenntnesser opgehalen hunn, der ganzer Mënschheet hiert Wuel ze fërderen, wa se de Bedierfnesser vun enger Mënschheet a bestänneger Evolutioun net méi gerecht ginn, da loosst eis se op d'Säit kieren bei déi Doktrinnen, déi iwwerholl a vergiess sinn. Firwat sollte grad si, an enger Welt, déi dem éiwege Gesetz vu Verännerung an Zerfall ausgesat ass, vun der Degradatioun verschount bleiwen, déi noutwennegerweis all mënschlech Institutioun befällt? Schliesslech hu gesetzlech Normen, politesch a wirtschaftlech Theorie just nëmmen d'Aufgab, fir d'Intresse vun der Mënschheet als ganzer ze schützen; dogéint däerf d'Mënschheet net gekräizegt ginn, fir dass e bestëmmt Gesetz oder eng bestëmmt Doktrinn bestoe bleift.“

 

II.

 

Moossnamen, déi d'Atomwaffen ofschafen, de Gebrauch vu Gëftgase verbidden oder déi bakteriell Krichsféierung ënnersoen, kënnen dem Krich seng eigentlech Ursaachen net ewechhuelen. Onofhängeg dervun, wéi wichteg natierlech esou praktesch Schrëtt als Elementer vum Friddensprozess sinn, si sinn u sech ze iwwerflächlech, fir laang en Afloss ze hunn. D'Vëlker hu genuch Fantasie, fir nach aner Forme vu Krichsféierung z'erfannen, a fir Liewensmëttel, Réistoffer, Geld, Industriemuecht, Ideologie an Terrorismus anzesetzen, fir eent dat anert z'ënnerwerfen an engem Striewen ouni Enn no Iwwerleeënheet a Muecht. Grad esou léisst sech deen aktuelle groussen Duercherneen an der Mënschheet hiren Ugeleeënheeten net doduerch verbesseren, dass spezifesch Konflikter oder Meenungsverschiddenheeten tëscht den Natioune bäigeluecht ginn. E wierklech universelle Kader muss ugeholl ginn.

Sécher feelt et net um Geständnes vun nationale Leaderen, dass et sech hei ëm e weltwäite Problem handelt, wat jo aus den ëmmer méi dréngleche Froen, déi si all Dag konfrontéieren, kloer ervirgeet. Ausserdeem gëtt et déi sëlleg Etuden a Léisungsvirschléi vun intresséierten an opgekläerte Gruppen a vun de Vereenten Natiounen hire Servicer, déi praktesch ausschléissen, dass een iwwert déi grouss Ufuerderungen net am Bild ass. Et besteet allerdéngs eng Lämung, wat de Wëllen ubelaangt; a grad dës Lämung muss genee ënnersicht a resolutt behandelt ginn. Wéi mer scho festgestallt hunn, leien hir Wuerzelen an enger déiwer Iwwerzeegung vun der Mënschheet hirer onemgänglecher Streideregkeet, wat derzou féiert, dass kaum vun der Méiglechkeet rieds geet, den nationalen Eegenintressi ënnert d'Ufuerderunge vun enger Weltuerdnung ze stellen, an dass keen de Courage huet, den enormen Implikatiounen an d'Aen ze kucken, déi d'Opriichte vun enger vereenegter Weltautoritéit géif mat sech bréngen. Si léisst sech och zréckféieren op d'Onfäegkeet vu gréisstendeels ongebillten an ënnerdréckte Mënschemassen, fir hiert Verlaangeren no enger neier Uerdnung auszedrécken, an där si mat all e Mënschen a Fridden, Harmonie a Wuelstand kënne liewen.

Déi kleng Schrëtt, mat deene sech – besonnesch zënter dem Zweete Weltkrich – un eng Weltuerdnung erugetaascht gëtt, setzen hoffnungsvoll Zeechen. Déi steigend Tendenz vu Gruppe vun Natiounen, fir Bezéiungen ze formaliséieren, déi eng Zesummenaarbecht op Gebitter vu béidsäitegem Intressi méiglech maachen, léisst hoffen, dass geschwënn all Länner dës Lähmung kënnen iwwerwannen. D'Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen, d'Karibesch Gemeinschaft an hire Marché Commun, de Mëttelamerikanesche Marché Commun, de Rot fir Géigesäiteg Wirtschaftlech Ennerstëtzung, d'Europäesch Gemeinschaften, d'Liga vun den Arabesche Staaten, d'Organisatioun fir Afrikanesch Eenheet, d'Organisatioun vun den Amerikanesche Staaten, de Südpazifesche Forum – all déi gemeinsam Initiativen, déi dës Organisatioune verkierperen, maachen de Wee fräi an eng Weltuerdnung.

Dass verschiddene vun eisem Planéit sengen am déifste verwuerzelte Problemer méi eng grouss Opmierksamkeet geschenkt gëtt, ass en anert Signal vun Hoffnung. Trotz de Vereenten Natiounen hiren evidente Feeler ginn déi iwwer véierzeg Deklaratiounen a Conventiounen, déi dës Organisatioun adoptéiert huet, esouguer wann d'Regierungen se net mat Begeeschterung ënnerstëtzt hunn, den einfache Mënschen d'Gefill vun engem neien Opschwong. Déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter, d'Ofkommes iwwert d'Preventioun an d'Bestrofung vu Vëlkermuerd an déi aner Moossnamen, déi sech zum Zil gesat hunn, all Forme vun Diskrimatioun opgrond vu Rass, Geschlecht oder Glawen ze eliminéieren; d'Verdeedegung vun de Rechter vum Kand; d'Protektioun géint Folter; d'Iwwerwanne vun Honger an Ënnerernierung; de Gebrauch vu wëssenschaftlechem an technologeschem Fortschrëtt fir de Fridden a fir d'Wuel vun der Mënschheet – all dës Schrëtt wäerten, wa se mat Courage applizéiert a weiderentwéckelt ginn, deen Dag méi no bréngen, wou d'Gespenst vum Krich net méi d'Muecht huet, fir déi international Bezéiungen ze dominéieren. Et brauch een d'Bedeitung vun de Froen, déi dës Deklaratiounen a Conventioune behandelen, net ervir ze sträichen. Allerdéngs verdéngen e puer vun dëse Froe wéinst hirer onmëttelbarer Wichtegkeet fir d'Verwierklechung vum Weltfridde méi eng ausféierlech Behandlung.

De Rassismus, eent vun de schlëmmsten an haartnäckegsten Iwwelen, ass eng Haaptbarrière fir de Fridden. Wou hien d'Handele bestëmmt, gëtt dem Mënsch seng Dignitéit esou mat Féiss getrueden, dass e sech ënnert kengem Virwand rechtfertege léisst. De Rassismus behënnert seng Affer doran, hiert onbegrenzte Potential z'entfalen, e mécht seng Vertrieder korrupt a steet dem mënschleche Fortschrëtt am Wee. D'Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet, duerch gëeegent gesetzlech Moossname vervierklecht, muss weltwäit ënnerstëtzt ginn, wa mir dëse Problem wëllen an de Grëff kréien.

Déi extrem Ongläichheet tëscht Aarmen a Räichen, eng Quell vun onvirstellbarem Leed, hält d'Welt an engem Zoustand vun Instabilitéit, dee praktesch all Ament kann zu Krich féieren. Dës Situatioun hunn net vill Gesellschaften mat Erfolleg ugepaakt. D'Léisung verlaangt eng kombinéiert Applikatioun vu geeschtegen, moraleschen a praktesche Moossnamen. Eng nei Perspektiv ass erfuerdert, an dozou gehéiert d'Berodung mat Spezialisten aus villerlee Branchen, ouni wirtschaftlech an ideologesch Polemik, an d'Bedeelegung vun de Leit, déi direkt betraff sinn, un den Entscheedungen, déi dréngend musse geholl ginn. Et handelt sech hei ëm eng Fro, déi net nëmmen un d'Noutwennegkeet geknäppt ass, d'Extremer vu Räichtem an Aarmutt aus der Welt ze schafen, mee och un déi geeschteg Wouréchten, déi, wa se verstan ginn, eng nei ganzheetlech Attitude kënnen ervirbréngen. Esou eng Attitude ze begënschtegen, ass u sech schonn en Haaptelement vun der Léisung.

En Nationalismus ouni Gitt, am Géigesaz zu engem verstännegen a legitime Patriotismus, muss enger méi ëmfaassender Loyautéit Plaz maachen, enger Léift zu der Mënschheet als ganzer. Dem Bahá'u'lláh seng Wierder sinn: „Dës Äerd ass nëmmen ee Land, an all Mënsche si seng Bierger.“ D'Konzept vum Weltbiergertum ergëtt sech onmëttelbar aus der Welt hirer Verklengerung zu enger Stad, déi mam wëssenschaftleche Fortschrëtt an der onbestreitbarer géigesäiteger Ofhängegkeet tëscht den Natiounen erfollegt ass. D'Léift zu all de Vëlker vun der Welt schléisst d'Léift zum eegene Land net aus. An enger Weltgesellschaft déngt een dem Deel senger Intressen am beschten, wann ee sech fir d'Intresse vum Ganzen asetzt. Aktuell international Aktivitéiten op verschiddene Gebitter, déi géigesäiteg Affektioun an e Gefill vu Solidaritéit ënnert de Vëlker nieren, mussen nach staark zouhuelen.

Reliéise Sträit war am Laf vun der Geschicht d'Ursaach vu ville Kricher a Konflikter an en Haapthindernis fir de Fortschrëtt, an e wierkt ëmmer méi ofstoussend op d'Adepte vu jiddwer a vu kengem Glawensbekenntnes. Alle Reliounen hir Unhänger mussen d'accord sinn, fir sech deenen elementare Froen ze stellen, déi dëse Sträit opwërft, an zu kloren Äntwerte kommen. Wéi sollen, an der Theorie wéi an der Praxis, hir Meenungsverschiddenheete bäigeluecht ginn? D'Erausfuerderung fir der Mënschheet hir reliéis Leader besteet doran, mat Häerzer, déi vu Matgefill a vun engem Verlaangeren no Wourecht erfëllt sinn, de Mënschen hire Misär ze betruechten a sech dann ze froen, ob si net, an Demut virun hirem allmächtege Schëpfer, hir ënnerschiddlech theologesch Opfaassungen an engem grousshäerzege Geescht vu géigesäitegem Versteesdemech kënne begruewen, an doduerch d'Méiglechkeet kréien, zesumme fir d'Entwécklung vu mënschlechem Verständnes a Fridden ze schaffen.

D'Emanzipatioun vun der Fra, d'Verwierklechung vun enger vollstänneger Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter, ass eng vun de wichtegsten, wann och manner erkannte Viraussetzunge fir de Fridden. Wien dës Gläichberechtegung refuséiert, begeet en Onrecht géint d'Hallschecht vun der Weltbevëlkerung a fërdert an de Männer schiedlech Astellungen a Gewunnechten, déi si aus der Famill op d'Aarbechtsplaz, an d'politescht Liewen an zu gudder Lescht och an déi international Relatiounen droen. Et gëtt kee Grond, weder moralesch nach praktesch oder biologesch, deen esou ee Refus justifiéiert. Eréischt wann d'Fraen als vollwäerteg Partner an alle Beräicher vum mënschleche Striewen opgeholl ginn, wäert de moraleschen a psychologesche Klima entstoen, aus deem de Weltfridde kann ervirgoen.

Den Ideal vun universeller Erzéiung, fir dee sech schonn eng Arméi vun devouéierte Leit aus alle Glawensrichtungen an Natiounen asetzen, verdéngt déi gréisst Ënnerstëtzung, déi der Welt hir Regierunge kënnen opbréngen. Et léisst sech nämlech net ofstreiden, dass d'Onwëssenheet d'Haaptursaach ass fir de Verfall an den Ënnergank vun de Vëlker an d'Bestoebleiwe vu Viruerteeler. Keng Natioun kann et zum Erfolleg bréngen, wann net all hire Bierger eng Bildung vermëttelt gëtt. Wéinst dem Feele vu Ressource si vill Natiounen nëmme begrenzt fäeg, dës Noutwendegkeet z'erfëllen, a kréien eng gewëss Reiefolleg vu Prioritéiten operluecht. Déi Gremien, déi doriwwer decidéieren, wäre gutt beroden, wa se sech géingen iwwerleeën, fir der Ausbildung vu Fraen a Meedercher d'Prioritéit ze ginn, well iwwert gebillte Mamme léisst sech de Benefice vum Wëssen am wierksamsten an am séiersten an der Gesellschaft verbreeden. Fir den Ufuerderunge vun eiser Zäit gerecht ze ginn, sollt een och drun denken, fir de Konzept vum Weltbiergertum als Bestanddeel vun all Kand senger normaler schoulescher Erzéiung ze vermëttelen.

E grondsätzleche Manktem u Kommunikatioun tëscht de Vëlker behënnert eeschtlech d'Beméiungen ëm de Weltfridden. D'Adoptioun vun enger internationaler Hëllefssprooch géif vill derzou bäidroen, dëse Problem ze léisen, a verdéngt dofir déi gréissten Opmierksamkeet.

Bei all dësen Themae sollt een zwee Punkten ervirhiewen. Eischtens besteet d'Ofschafe vum Krich net einfach doran, Verträg a Protokoller z'ënnerschreiwen; et ass eng komplex Aufgab, déi verlaangt, dass ee sech op engem neien Niveau fir d'Léisung vu Froen asetzt, déi normalerweis net mam Striewen no Fridden associéiert ginn. Wa se sech ausschliisslech op politesch Ofmaachunge stäipt, bleift d'Iddi vu kollektiver Sécherheet eng Illusioun. Zweetens ass déi primär Erausfuerderung am Ëmgang mat Friddensfroen déi, sech aus purem Pragmatissem ze léisen an eng Grondsazdiskussioun ze féieren. Well eigentlech ensteet de Fridden aus engem ënnerlechen Zoustand eraus, deen duerch eng geeschteg oder moralesch Astellung gestäipt gëtt, an d'Méiglechkeet vun dauerhafte Léisunge fënnt sech haaptsächlech dann, wann esou eng Astellung kann ervirgeruff ginn.

Et gëtt geeschteg Prinzipien – oder wéi verschidde Leit soen, mënschlech Wäerter – mat denen hirer Hëllef sech fir all soziale Problem Léisunge fanne loossen. Allgemeng gesi kann all Grupp mat gudden Intentiounen sech fir seng Problemer praktesch Léisungen ausdenken, mee gutt Intentiounen a praktescht Wësse ginn normalerweis net duer. Den Haaptverdéngscht un engem geeschtege Prinzip läit doran, dass hien net nëmmen eng Perspektiv virgëtt, déi mam Wiese vum Mënsch iwwereneestëmmt, mee doriwwer eraus eng Astellung, eng Dynamik, e Wëllen, e Striewen ausléist, déi d'Entdeckung an d'Duerchféierung vu praktesche Moossnamen erliichteren. De Regierungscheffen an all Mënschen, déi Muecht ausüben, wär an hirem Striewen no Problemléisunge vill gehollef, wa se fir d'éischt géifen erausfannen, wat fir Prinzipien am Spill sinn, a sech dann duerch dës leede loossen.

 

III.

Déi wichtegst Fro, déi muss gekläert ginn, ass, wéi d'Welt vun haut mat hiren agerappte Konfliktstrukture sech zu enger Welt verännere kann, an där Harmonie an Zesummenaarbecht virherrschen.

Eng Weltuerdnung léisst sech nëmmen op dat iwwerzeegte Bewosstsi grënnen, dass d'Mënschheet eng Eenheet ass, eng geeschteg Wourecht, déi all Humanwëssenschafte konfirméieren. D'Anthropologie, d'Physiologie, d'Psychologie kennen nëmmen eng Spezies Mënsch, och wann dës an den zweetrangegen Aspekter vum Liewen onendlech variéiert. Dës Wourecht unzëerkennen heescht, all Zorte vu Viruerteeler opzeginn, wat Rass, Klass, Hautfaarf, Glawen, Natioun, Geschlecht, materiellen Entwécklungsstand betrëfft, alles wat d'Mënschen derzou féiert, sech anere géintiwwer fir iwwerleeën ze halen.

D'Eenheet vun der Mënschheet unzehuelen, ass déi éischt fundamental Viraussetzung fir der Welt hir Reorganisatioun an Administratioun als en eenzegt Land – der Mënschheet hir Hemecht. Eng weltwäit Unerkennung vun dësem geeschtege Prinzip ass wesentlech fir all erfollegräiche Versuch, de Weltfridden opzeriichten. E sollt dofir uechter d'ganz Welt proklaméiert, an de Schoule geléiert an an all Land ëmmer nees affirméiert ginn als Virbereedung op déi organesch Verännerung an der Gesellschaft hirer Struktur, déi et mat sech bréngt.

Vum Bahá'í Standpunkt aus verlaangt d'Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet „net manner wéi d'Rekonstruktioun an d'Demilitariséierung vun der ganzer ziviliséierter Welt – enger Welt, déi an alle wesentlechen Aspekter vun hirem Liewen, hirer politescher Maschinnerie, hirem geeschtege Striewen, hirem Commerce an hire Finanzen, hirer Schrëft an hirer Sprooch organesch zesummegewuess ass an trotzdeem onendlech villfälteg an den nationalen Egenaarte vun hire federéierten Elementer.“

A sengen Ausféierungen iwwert dësem Grondprinzip seng Inplikatioune sot de Shoghi Effendi, den Hidder vum Bahá'í Glawen, am Joer 1931: „Wäit dervun, d'Fondatioune vun der heiteger Gesellschaft wëllen ëmzegeheien, versicht et, hir Basis ze erweideren, hir Institutiounen esou ëmzegestalten, dass se mat de Bedierfnesser vun enger Welt a bestänneger Verännerung iwwereneestëmmen. Et ka mat kenge legitimen nationale Flichtgefiller a Konflikt trieden oder wesentlech Loyautéiten ënnergruewen. Säin Zil ass et weder, d'Flam vun engem gesonden an intelligente Patriotissem an de Mënschen hiren Häerzer ze erstécken, nach, de System vun nationaler Autonomie ofzeschafen, dee jo esou wesentlech ass, wann d'Iwwele vun enger iwwerdriwwener Zentraliséierung solle verhënnert ginn. Et ignoréiert net d'Diversitéit vum Ursprong vun de Vëlker, vu Klima, vu Geschicht, Sprooch an Traditioun, vun Denkweisen a Gewunnechten, déi der Welt hir Vëlker vun eneen ënnerscheden, an et versicht och net, dës Diversitéit ze ënnerdrécken. Et rifft op zu méi enger grousser Loyautéit, zu méi engem héije Striewe, wéi et jee virdrun d'Mënschen ugedriwwen huet. Et insistéiert drop, fir national Motivatiounen an Intressen hannert déi zwéngend Fuerderunge vun enger gëeentener Welt ze stellen. Et verwerft iwwerdriwwen Zentraliséierung op där enger Säit a refuséiert all Bestriewen no Uniformitéit op där anerer. Seng Devis ass d'Eenheet an der Diversitéit …“

Fir dës Zieler z'erreechen, mussen hinne schrëttweis déi national politesch Astellungen ugepasst ginn, déi den Ament un Anarchie grenzen, well et keng kloer definéiert Gesetzer oder iwwerall unerkannten an applikabel Prinzipie gëtt, déi d'Bezéiungen tëscht den Natioune regelen. De Vëlkerbond, d'Vereenten Natiounen an déi sëlleg Organisatiounen an Ententen, déi se ervirgeruff hunn, hunn ouni Zweiwel gehollef, e puer negativ Auswierkunge vun internationale Konflikter ofzeschwächen, mee si hu sech als onfäeg erwisen, de Krich ze verhënneren. Tatsächlech goufen et zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich eng grouss Zuel aner Kricher, vun deenen der vill nach ëmmer amgaang sinn.

Dësem Problem seng wichtegst Aspekter hate sech schonn am nonzéngte Jorhonnert z'erkenne ginn, wéi Bahá'u'lláh fir d'éischt seng Propositioune fir den Opbau vum Weltfridde virgeluecht huet. A sengen Deklaratiounen un d'Herrscher vun der Welt huet Hien de Prinzip vu kollektiver Sécherheet vertrueden. De Shoghi Effendi huet d'Bedeitung dovu kommentéiert: „Wat soss kënnten dës beandrockend Wierder heeschen,“ huet e geschriwwen, „wann net den Hiwäis op déi onemgänglech Aschränkung vun absolutter nationaler Souveränitéit als enger noutwenneger Bedéngung fir d'Formatioun vun enger zukünfteger Federatioun vun allen Natioune vun der Welt? Iergend eng Form vu Welt-Iwwerstaat muss noutwennegerweis entwéckelt ginn – e Staat, deem all Natioune fräiwëlleg jiddwer Usproch op Krichsféierung, verschidde Rechter op Steiererhiewung an all Rechter op Krichsrüstung, ausser fir d'Erhale vun der interner Uerdnung um eegenen Territoire, wäerten ofgetrueden hunn. Esou e Staat brauch a sengem Aflossberäich eng international Exekutiv, där et méiglech ass, jiddwer tockegem Mëmber vun der Federatioun hir héchsten an onbestreitbar Autoritéit opzezwéngen; e Weltparlament, deem seng Mëmbere duerch d'Vëlker an alle Länner gewielt an duerch déi respektiv Regéirunge bestätegt ginn; an en Héchst Geriicht, deem seng Entschedungen obligatoresch sinn, och an deene Fäll, wou déi concernéiert Parteien hire Sträitfall net fräiwëlleg senger Juridictioun ënnerwerfen.

"...Eng Weltgemeinschaft, an där sämtlech wirtschaftlech Barrierë fir ëmmer aus dem Wee geraumt sinn a wou déi géigensäiteg Ofhängegkeet vu Kapital an Aarbecht definitiv unerkannt ass; an där d'Gejäiz vu reliéisem Fanatissem a Sträit ee fir allemol verstommt ass; an där d'Flam vum Rassenhaass endlech geläscht ass; an där en eenheetleche Code fir internationaalt Recht, d'Produkt vum gutt iwwerluechten Uerteel vun der Welt hire federéierte Volléksvertrieder, duerch dat direkt an zwéngend Agräife vun de Federéierten hire vereenegte Sträitkräfte sanktionéiert gëtt; a schliesslech eng Weltgemeinschaft, an där d'Roserei vun engem onberechenbaren a militanten Nationalissem zu engem permanente Bewosstsinn vun der Qualitéit vum Weltbierger ginn ass – esou presentéiert sech tatsächlech a graffen Zich déi Uerdnung, déi Bahá'u'lláh virausgesinn huet, eng Uerdnung, déi een enges Daags wäert als déi schéinste Fruucht vun engem Zäitalter betruechten, dat sech lues a lues opdeet."

Bahá'u'lláh huet drop higewisen, dass dës Moossname géifen an d'Weër geleet ginn: "D'Zäit muss kommen, an där op der ganzer Welt realiséiert gëtt, wéi dréngend noutwenneg et ass, dass d'Mënschen eng grouss, eng allëmfaassend Versammlung ofhalen. Der Äerd hir Regéierer a Kinneke mussen onbedéngt dorun deelhuelen an iwwert d'Bedeelegung un hiren Deliberatiounen déi Méiglechkeeten a Mëttelen an d'A faassen, déi d'Fondatioun fir der Welt hire Gréisste Fridden tëscht de Mënsche leeën."

De Courage, d'Determinatioun, d'éierlechkeet, d'oneegennëtzeg Léift vun engem Vollek fir dat anert – all déi geeschteg a moralesch Eegeschaften, déi gebraucht ginn, fir dëse gewaltege Schratt an d'Richtung vum Fridden z'ënnerhuelen, leien am Wëllen zur Handlung. An et ass am Bestriewen, fir den néidege Wëllen opzebréngen, wou ee sech eeschtlech muss mat der Wierklechkeet vum Mënsch, nämlech mat sengem Denken, befaassen. Dëser mächteger Wierklechkeet hir Bedeitung verstoen, heescht och erkennen, dass et sozial gesinn noutwenneg ass, hiren eenzegaartege Wäert mat Hëllef vun oppener, onparteiescher a frëndschaftlecher Berodung ëmzesetzen, an no deem ze handelen, wat bei dësem Prozess erauskënnt. Bahá'u'lláh huet mat Nodrock drop higewisen, wéi wäertvoll an onverzichtbar d'Berodung ass, fir déi mënschlech Ugeleënheeten an d'Fassong ze bréngen. Hie sot: „Berodung vermëttelt méi en déift Bewosstsinn an erhieft d'Suppositioun zur Gewëssheet. Si ass en hellt Liicht, dat an enger däischterer Welt de Wee weist an eis féiert. Fir alles gëtt et elo an och an Zukunft e Grad vu Perfektioun a vu Räifheet. Den Don vum Verstoe weist seng Räifheet an der Berodung.“ Eleng de Versuch, fir de Fridden duerch Berodung z'erreechen, wéi hien et virgeschloen huet, kann esou en heelsame Geescht ënnert der Äerd hire Vëlker fräisetzen, dass keng Muecht deem schlussendlechen triumphalen Ausgang kéint widderstoen.

Dozou, wéi dës Weltversammlung soll virgoen, huet ‘Abdu'l-Bahá, Fils vum Bahá'u'lláh an autoriséierten Interpret vu senge Léieren, eis folgend Iwwerleeunge matgedeelt: “Si mussen d'Saach vum Fridden zum Géigestand vun allgemenger Berodung maachen a sämtlech Mëttelen asetzen, déi hinnen zur Verfügung stinn, fir eng Unioun vun allen Natioune vun der Welt op d'Been ze stellen. Si mussen e verbindleche Vertrag ofschléissen an e Pakt ausschaffen, deem seng Dispositioune gerecht, onverletzbar a prezis sinn. Si mussen en der ganzer Welt virstellen an der ganzer Mënschheet hiren Accord dofir kréien. Dës héich an nobel Enterprise – déi wierklech Quell vum Fridden a vum Wuel fir d'ganz Welt – sollt jiddwerengem helleg sinn, deen op der Äerd wunnt. All der Mënschheet hir Kräfte musse mobiliséiert ginn, fir d'Stabilitéit an d'Bestoebleiwe vun dësem Gréisste Pakt ze garantéieren. An dësem universelle Pakt sollte jiddwer eenzelener Natioun hir Grenze kloer festegeluecht, d'Prinzipien, op déi d'Bezéiungen tëscht de Regierunge sech grënnen, definitiv verzeechent a sämtlech international Accorden an Obligatioune bekräftegt ginn. Genee esou sollt d'Stäerkt vun de Waffenarsenaler vun all Regierung strikt limitéiert ginn, well wann ee géif zouloossen, dass d'Krichsvirbereedung an d'Truppestäerkte vun iergend enger Natioun zouhuelen, misst dëst bei anere Mësstrauen ervirruffen. De Grondprinzip vun dësem feierleche Pakt sollt esou festgeluecht sinn, dass am Fall, wou iergend eng Regierung eng vu sengen Dispositioune verletzt, all Regierunge vun der Äerd sech erhiewen, fir se zu totaler Ënnerwerfung ze zwéngen, méi nach, d'Mënschheet als Ganzt sollt sech entschléissen, fir déi Regierung mat aller Kraaft, iwwert déi se verfügt, ze stierzen. Wann dëst gréissten Heelmëttel op der Welt hire kranke Kierper géif applizéiert ginn, géing se sech ouni Zweifel vun hire Leiden erhuelen a fir ëmmer roueg a sécher bleiwen.“

Déi mächteg Versammlung hätt scho laang missen ofgehale ginn.

Mir appeléiere vu ganzem Häerz un d'Leader vun allen Natiounen, vun dësem gënschtegen Zäitpunkt ze profitéieren an irreversibel Moossnamen z'ergräifen, fir dass dës Weltversammlung convoquéiert gëtt. All Kräfte vun der Geschicht dreiwen d'Mënschheet zu dëser Handlung, déi fir ëmmer den Ufank vun hirer laang erwaarter Maturitéit wäert markéieren.

Wëlle sech net d'Vereenten Natiounen, mat der voller Ënnerstëtzung vun hire Memberen, hannert déi héich Ziler vun esou engem kréinenden Ereegnes stellen?

Loosst Männer a Fraen, jonk Leit a Kanner iwwerall dësem onverzichtbaren Akt säin éiwege Verdéngscht fir all Vëlker erkennen an hir Stëmm erhiewen, fir e bereetwëlleg ze stäipen. Loosst et eis Generatioun sinn, déi déi glorräich Etapp an der Evolutioun vum gesellschaftleche Liewen op dësem Planéit inauguréiert.

 

IV.

D'Quell vun eisem Optimismus ass eng Visioun, déi iwwert de Schluss vum Krich an d'Schafe vun Agencë fir international Zesummenaarbecht erausgeet. Permanente Fridden tëscht den Natiounen ass eng wesentlech Etapp, mee net, wéi Bahá'u'lláh feststellt, dat lescht Zil fir der Mënschheet hir sozial Entwécklung. Hannert engem éischte Waffestëllstand, deen der Welt aus Angscht virun engem nuklearen Holocaust opgezwonge gëtt, hannert dem politesche Fridden, op dee sech vu Mësstrauen a Konkurrenzdenken erfëllten Natioune widderwëlleg aloossen, hannert de pragmateschen Accorden fir Sécherheet a Koexistenz, esouguer hannert de sëllegen Experimenter zur Zesummenaarbecht, déi dës Schrëtt wäerte méiglech maachen, waart eréischt dat héchstent Ziel: d'Vereenegung vun alle Vëlker vun der Welt an enger universaler Famill.

Oneenegkeet ass eng Gefor, déi der Äerd hir Natiounen a Vëlker net nach méi laang kënnen erdroen; hir Konsequenze sinn ze schrecklech, fir se a Betruecht ze zéien, an ze evident, fir eng Demonstratioun ze brauchen. "D'Wuel vun der Mënschheet", huet Baha'u'llah viru méi wéi honnert Joer geschriwwen, "hire Fridden an hir Sécherheet sinn onerreechbar, wann an esou laang net hir Eeenheet fest begrënnt ass." "D'Mënschheet jéimert a vergeet bal vu Verlaangeren derno, gëeent ze ginn an e Schlussstréch ënnert hir Jordausenden al Péng ze zéien", mengt Shoghi Effendi a seet weider: "D'Vereenegung vun der ganzer Mënschheet ass d'Kennzeeche vun deem Stadium, op dee sech d'mënschlech Gesellschaft haut zoubewegt. D'Eenheet vun der Famill, vum Stamm, vum Stadstaat a vun der Natioun sinn noeneen ausprobéiert a vollstänneg verwierklecht ginn. Welteenheet ass dat Zil, no deem eng gepéngegt Mënschheet strieft. Den Opbau vun Natiounen ass ofgeschloss. D'Anarchie, déi an der Souveränitéit vun Nationalstaate läit, ass no bei hirem Héichpunkt. Eng Welt, déi maans gëtt, muss op dëse Fetisch verzichten, d'Eenheet an d'Vollstännegkeet vun de mënschleche Bezéiungen erkennen an ee fir allemol deen Organismus opriichten, deen dëse Grondprinzip vun hirem Liewen am beschte ka verkierperen."

All aktuell Stréimunge vu Verännerung bekräftegen dës Vu. D'Beweiser fanne sech an deene vill schonn ernimmte Beispiller vun de positiven Zeechen a momentanen internationale Beweegungen an Entwécklungen, déi an d'Richtung vum Weltfridde weisen. D'Arméi vu Männer a Fraen aus praktesch jiddwer Kultur, Rass an Natioun op der Äerd, déi an de Vereenten Natiounen hire villen Zerwisser schaffen, stellen e planetaresche « service public » duer, deem beandrockend Leeschtungen Zeie si fir de Grad un Zesummenaarbecht, deen esouguer ënnert decouragante Konditioune méiglech ass. En Drang no Eenheet mécht sech wéi e geeschtegt Fréijoer an enger Onmass vun internationale Kongresser bemierkar, déi Leit aus enger breeder Palett vun Disziplinnen zesummeféieren. Et motivéiert d'Appeller no internationale Projekter fir Kanner a Jugendlecher. Tatsächlech ass et déi wierklech Quell vun där bemierkenswäerter Beweegung op d'Ökumene hinn, duerch déi Unhänger vun traditionell opposéierte Reliounen a Sekten sech onwidderstéilech vun eneen ugezu fillen. Nieft der géigesätzlecher Tendenz zu Krich a Selbstverherrlechung, géint déi e sech onermiddlech wiert, ass den Driff zur Welteenheet eng vun den dominanten an iwwerall spierbare Charakteristike vum Liewen op dësem Planéit an deene leschte Jore vum zwanzegste Jorhonnert.

D'Erfarung vun der Bahá'í Communautéit kann als e Beispill fir ëmmer méi grous Eenheet betruecht ginn. Si ass eng Communautéit vun dräi bis véier Millioune Mënschen aus villen Natiounen, Kulturen, Klassen a Glawensrichtungen, déi sech an engem grousse Spektrum vun Aktivitéiten am Déngscht vun de Vëlker hire geeschtegen, sozialen a wirtschaftleche Bedierfnesser a ville Länner engagéieren. Si ass en eenzege sozialen Organismus, representativ fir d'Diversitéit vun der Mënschefamill, si regelt hir Aktivitéiten duerch e System vun allgemeng unerkannte Berodungsprinzipien a si respektéiert ouni Ennerscheed all grouss Awierkunge vu gëttlecher Féierung am Laf vun der Mënschheetsgeschicht. Hir Existenz ass nach e Beweis fir d'Realiséierbarkeet vun hirem Begrënner senger Visioun vun enger gëeentener Welt, nach eng Bestätegung dofir, dass d'Mënschheet kann als eng global Gesellschaft liewen an all Erausfuerderunge meeschter ginn, déi hiren Iwwergang an d'Maturitéit mat sech bréngt. Wann de Bahá'í hir Erfarungen an iergend engem Mooss derzou bäidroe kënnen, fir d'Hoffnung op d'Eenheet vum Mënschegeschlecht ze stäerken, wire mir glécklech, si als Studiemodell unzebidden.

Iwwerdeems mir déi gewalteg Bedeitung vun där Aufgab betruechten, déi an dësem Ablack d'ganz Welt erausfuerdert, bécke mir demüteg de Kapp virun der imposanter Majestéit vu Gott, dem Schëpfer, deen aus Senger onendlecher Léift eraus déi ganz Mënschheet aus deem selwechte Stamm erschaf, dem Mënsch seng wäertvoll Wierklechkeet veredelt, e mat Verstand a Wäisheet, Noblesse an Onstierflechkeet ausgezeechent an him déi "eenzegaarteg Auszeechnung a Fäegkeet geschenkt huet, Hien ze erkennen an Hie gär ze hunn", eng Fäegkeet, déi "noutwennegerweis als de kreativen Impuls an d'Haaptzil vun der ganzer Schëpfung muss verstane ginn."

Mir stinn zu där fester Iwwerzeegung, dass d'Mënschen all erschaf goufen, "fir eng Zivilisatioun ze ënnerstëtzen, déi sech bestänneg weiderentwéckelt"; dass "et dem Mënsch senger net wierdeg ass, sech wéi d'Déieren um Feld ze behuelen", dass d'Dugenden, déi der mënschlecher Dignitéit entspriechen, Loyautéit, Nosiicht, Barmhäerzegkeet, Matleed a Guttheet vis-à-vis vun all Vollék sinn. Mir bekräftegen nach eng Kéier eise Glawen, dass "d'Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien, dee ganzen Ausmooss vu senger Bestëmmung op der Äerd, déi ugebueren Auszeechnung vu senger Wierklechkeet, sech op dësem virausgesoten Dag Gottes musse weisen." Dëst ass d'Motivatioun fir eisen onzerstéierbare Glawen dorun, dass Eenheet a Fridden dat erreechbaart Zil sinn, op dat d'Mënschheet zoustrieft.

Iwwerdeems mir dës Zeilen nidderschreiwen, héiert een de Bahá'í hir erwaardungsvoll Stëmmen trotz de Verfollegungen, deene si am Urspronksland vun hirem Glawen nach ëmmer ausgesat sinn. Duerch hiert Beispill vu standhafter Hoffnung si si Zeie fir d'Iwwerzeegung, dass déi nobäi Verwierklechung vun deem Jordausenden alen Draam vu Fridden duerch déi gestaltend Wierkung vum Bahá'u'lláh senger Offenbarung, an där d'Kraaft vu göttlecher Autoritéit läit, elo geschitt. Mir vermëttelen Iech also eng Visioun, déi net eleng aus Wierder besteet: mir appeléieren un d'Kraaft vun Akte vu Glawen a vu Sacrifice, mir iwwermëttelen all eise reliéise Bridder a Schwësteren hire besuergte Plädoyer fir Fridden an Eenheet. Mir schléissen eis all deenen un, déi d'Affer si vun Aggressiounen, all deenen, déi nom Schluss vu Konflikt a Sträit verlaangeren, all deenen, deenen hir Devotioun fir d'Prinzipie vu Fridden a Weltuerdnung déi nobel Ziler fërdert, fir déi d'Mënschheet vum Schëpfer a Senger onbegrenzter Léift an d'Liewe geruff gouf.

An eisem oprichtege Verlaangen, fir d'Feier vun eiser Hoffnung an d'Déift vun eisem Vertraue mat Iech ze deelen, zitéiere mir dem Bahá'u'lláh säi formellt Verspriechen: "Dës Streidereien, déi keng Fruucht droen, dës Kricher, déi alles ruinéieren, si wäerten ophalen an dee "Gréisste Fridde" wäert kommen."

[ënnerschriwwen: D'Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet]

Holy-Writings.com v2.7 (213613) © 2005 - 2020 Emanuel V. Towfigh & Peter Hoerster | Imprint | Change Interface Language: DE