Eng Deklaratioun vum
Universalen Haus vun der Gerechtegkeet un d'Vëlker vun der Welt
Oktober 1985
Un d'Vëlker vun der Welt
Dee Grousse Fridden, no
deem d'Mënsche vu guddem Wëllen am Laf vun de Jorhonnerten esou staark verlaangert
hunn, dee Prophéiten an Dichter zënter ville Generatiounen an hire Visioune
beschriwwen an deen déi helleg Schrëften vun der Mënschheet zënter jeehier
ugekënnegt hunn, ass fir d'Natiounen elo endlech gräifbar ginn. Fir d'éischt an
der Geschicht huet haut jiddereen d'Méiglechkeet, de ganze Planéit an déi
Onmass vu Vëlker, déi op em liewen, an enger globaler Perspektiv ze gesinn.
Weltfridden ass net méi nëmme méiglech, en ass onëmgänglech ginn. En ass déi
nächst Etapp an eisem Planéit senger Entwécklung – d'Planéitiséierung vun der Mënschheet,
wéi e groussen Denker et ausdréckt.
Ob de Fridden eréischt
no onvirstellbare Leiden erreecht gëtt, déi d'Mënschen doduerch erbäiféieren,
datt se stur un ale Verhalensweise festhalen, oder ob mir en elo, an engem Akt
vu gemeinsamem Wëllen, zustanbréngen, dat ass d'Entscheedung, virun där all déi
stinn, déi op der Äerd wunnen. Zu dësem kriteschen Zäitpunkt, wou déi vill bal
onléisbar Problemer, déi d'Natioune belaaschten, an enger gemeinsamer Suerg fir
déi ganz Welt zum Ausdrock kommen, wär et absolutt onveräntwerlech, wa mir et
net géife fäerdegbréngen, fir deene sëllege Konflikter an Onroue mat den
néidege Moossnamen ze begéinen.
Gënschteg Zeeche sinn déi
ëmmer méi grouss Ustrengunge fir d'Verwierklechung vun enger Weltuerdnung: fir
d'éischt d'Schafe vum Vëlkerbond am Ufank vum Jorhonnert, duerno, op méi enger
breeder Grondlag, d'Organisatioun vun de Vereenten Natiounen; dann d'Tatsaach,
dass zënter dem Zweete Weltkrich, d'Majoritéit vun alle Länner onofhängeg gi
sinn, wat drop hiweist, dass de Prozess vum Opbau vun den Natiounen op en Enn
geet; an och dëse jonken Natiounen hir Bedeelegung, zesumme mat méi alen, un
Affäre vu gemeinsamen Intressi; déi doduerch bedéngte vill méi enk
Zesummenaarbecht tëschent Vëlker a Gruppen, déi bis elo isoléiert oder
zerstridde waren, am Kader vun internationale Projekter op wëssenschaftlechem,
erzéiereschem, legislativem, wirtschaftlechem a kulturellem Plang; d'Grënnung
vu sëllegen internationalen humanitären Organisatiounen am Laf vun de leschte
Jorzéngten; d'Verbredung vu Fraen- a Jugendbewegungen, déi derzou opfuerderen,
de Krich ofzeschafen; an dat spontaant, ëmmer méi grousst Netzwierk vun
einfache Leit, déi no Verstännegung duerch perséinlech Kontakter sichen.
De wëssenschaftlechen an
technologesche Fortschrëtt, deen an dësem ongewéinlech verwinnte Jorhonnert
gemaach gëtt, bedeit e grousse Schrack vijenzeg fir dem Planéit seng sozial
Entwécklung, an e weist eis, mat wéi enge Mëttelen der Mënschheet hir praktesch
Problemer kënne geléist ginn. Hie gëtt eis wierklech déi Mëttelen an d'Hand,
mat deene sech dat komplizéiert Liewen an enger gëeentener Welt regele léist.
Mee et bestinn nach Hënnernesser. Zweiwel, Mëssverständnesser, Viruerteler,
Mësstrauen a bornéierten Egoismus belaaschten d'Bezéiungen tëschent Länner a
Vëlker.
Aus engem déiwe Gefill
vu geeschteger a moralescher Verflichtung eraus spiere mir zu dësem gënschtegen
Zäitpunkt den Drang, Iech op déi déifgräifend Iddien opmierksam ze maachen, déi
der Mënschheet hir Regéirer fir d'éischt virun iwwer honnert Joer gewuer goufen
duerch Bahá'u'lláh, Begrënner vum Bahá'í Glawen, deem seng Verwalter mir sinn.
De
Wand vun der Verzweiflung, sot
Bahá'u'lláh a senge Schrëften, bléist
leider aus alle Richtungen, an de Sträit, deen d'Mënschen auserneen dreift a
bedréckt, hëlt all Dag zou. D'Unzeeche vun Ëmwälzungen a chaoteschen Zoustänn,
déi kuerz bevirstinn, erkennt ee schonn elo un där etabléierter Uerdnung hirer
lamentabler Feelerhaftegkeet. Dës prophéitesch Aschätzung ass duerch
der Mënschheet hir gemeinsam Erfarung genuch konfirméiert ginn. D'Fehler vun
der etabléierter Uerdnung weise sech däitlech doran, dass déi al Vereent
Natiounen organiséiert souverän Staaten net amstand sinn, d'Gespenst vun engem
Krich ze verdreiwen, oder och d'Gefor, dass déi international
Wirtschaftsuerdnung zesummebrécht, d'Ausbrede vun Anarchi an Terrorismus an déi
onvirstellbar Péng, déi dës an nach aner Ploen fir ëmm méi Millioune Mënsche
bedeiten. Agrressiounen a Konflikter si mëttlerweil därmoossen e Bestanddeel
vun eise sozialen, wirtschaftlechen a reliéise Systemer ginn, dass vill Leit
mengen, dëst Behuele léich an der Natur vum Mënsch a kéint dofir net geännert
ginn.
D'Verwuerzelung vun
dëser Meenung huet an de mënschlechen Ugeleënheten e Widdersproch geschaf, dee
se paraliséiert. Engersäits versécheren d'Mënschen aus allen Natiounen, datt si
net nëmme prett sinn, mee duerno verlaangeren, fir a Fridden an Harmonie ze
liewen a fir déi qualvoll Ängscht ze iwwerwannen, déi hiert deeglecht Liewe
bedrécken. Op där aner Säit akzeptéiere si awer ouni sech ze mucksen
d'Opfaassung, de Mënsch wir onverbesserlech egoistesch an aggressiv an duerfir
net amstand, e soziale System opzebauen, deen an engems progressiv a friddlech,
dynamesch an harmonesch ass, e System, deen der individueller Kreativitéit an
Initiativ fräie Laf léisst, mee op Zesummenaarbecht an op Géigesäitegkeet
berout.
An deem Mooss, wéi
Noutwennegkeet vum Fridden zouhëlt, forcéiert eis dëse grondsätzleche
Widdersproch, d'Hypotheesenen, op déi sech déi gelefeg Astellung zu der
Mënschheet hirem historeschen Dilemma grënnt, nei ze iwwerpréiwen. Wann een déi
Saach objektiv ënnersicht, weist sech, dass esou eng Astellung, wäit dervun,
dem Mënsch säi wierklecht Wiesen erëmzeginn, eng Verzerrung vum mënschleche
Geescht bedeit. Esou bal all Vëlker sech doriwwer kloer sinn, kënne si
konstruktiv sozial Kräften a Bewegung setzen, déi der mënschlecher Natur
entspriechen an duerfir Harmonie an Zesummenaarbecht encouragéieren amplaz vu
Krich a Sträit.
Dëse Wee ze wielen
heescht net, der Mënschheet hir Vergaangenheet ze leegnen, mee se ze verstoen.
De Bahá'í Glawen betruecht déi momentan weltwäit Confusioun an déi
verhängnesvoll Situatioun vun de mënschlechen Ugeleeënheten als eng natierlech
Phas an engem organesche Prozess; dëse Prozess, dee sech net ophale léisst,
wäert um Enn zur Enegung vun der mënschlecher Rass an engem eenzege grousse
soziale System féieren, deem seng Grenzen déi vum ganze Planéit sinn. Als eegen,
organesch Unitéit huet d'mënschlech Rass eng Rei vun Evolutiounsstadien
duerchlaf, déi dem Puppelchesalter an der Kannerzäit am Liewe vum Eenzelne
gläichen, a si ass elo um Héichpunkt vun hirer turbulenter Jugend ukomm an um
Wee endlech maans ze ginn.
Wa mer eis éierlech
agestinn, dass Viruerteler, Krich an Exploitatioun den Ausdrock vun onräife
Phasen an engem groussen historesche Prozess waren, an dass d'Mënschheet haut
déi onvermeidlech Tumulter erlieft, déi mam Erreeche vun hirer kollektiver
Maturitéit verbonne sinn, dann ass dat kee Grond fir de Kapp hänken ze loossen,
mee eng Viraussetzung fir déi formidabel Aufgab, eng friddlech Welt opzebauen.
Dass dës Aufgab ka verwierklecht ginn, dass déi noutwenneg konstruktiv Kräften
do sinn an dass sozial Strukture kënne geschaf ginn, déi d'Mënschen zouenee
féieren, biede mer Iech onbedéngt z'iwwerleeën. Egal wéivill Leed an Onrou eis
an denen nächste puer Joren erwaarden, egal wéi däischter d'Situatioun op kuerz
Zäit gesinn och ass, d'Bahá'í-Communautéit ass iwwerzeegt, dass d'Mënschheet
dësem gréissten Test ka mat rouegem Gewëssen entgéint goen. Déi Emwälzungen, op
déi d'Mënschheet ëmmer méi séier zoudreift, signaliséieren nach laang net d'Enn
vun der Zivilisatioun; si hëllefe villméi, déi Potentialer, déi an der
mënschlecher Natur leien, fräizesetzen a seng ierdesch Bestëmmung, déi ugebueren Auszeechnung vu sénger Wierklechkeet
a vollem Mooss opzedecken.
I.
D'Fäegketen, déi
d'mënschlech Rass vun all anere Liewensformen, ënnerscheeden, loosse sech an
deem zesummefaassen, wat een de mënschleche Geescht nennt; de Verstand ass seng
wichtegst Egeschaft. Dës Fäegkeeten hunn et der Mënschheet erméiglecht,
Zivilisatiounen opzebauen a materiell gutt virunzekommen. Allerdéngs hunn esou
Leeschtungen eleng et ni fäerdeg bruecht, de mënschleche Geescht zefridden ze
stellen, deen a sénger mysteriéiser Aart op Transzendenz ausgeriecht ass, op
d'Striewen no enger onsichtbarer Welt, no der leschter Wourecht, deem
onerkennbare Wiese vun allem Wiesen, dat mir Gott nennen. D'Reliounen, déi der
Mënschheet duerch eng Successioun vu geeschtege Kapazitéite bruecht goufen,
waren d'Haaptverbindung tëscht der Mënschheet an dëser leschter Wourecht; si
hunn dem Mënsch seng Fäegkeet, fir an engems geeschtegen Erfolleg a soziale
Fortschrëtt ze erreechen, stimuléiert a raffinéiert. Keen eescht gemengte
Versuch, déi mënschlech Uleiessen ze regelen an de Weltfridden ze verwierklechen,
kann d'Relioun ignoréieren. D'Aart a Weis wéi de Mënsch si verstan a
praktizéiert huet, maachen e groussen Deel vun der Geschicht aus. E bedeitenden
Historiker huet d'Relioun als Fäegkeet
vun der mënschlecher Natur beschriwwen. Et léisst sech kaum ofstreiden,
dass d'Perversioun vun dëser Fäegkeet vill zu der Confusioun an der
Gesellschaft an zu de Konflikter an an tëscht eenzelner bäigedroen huet. Mee
grad esou wéineg kann en objektiven Observateur den iwwergroussen Afloss
erofspillen, deen d'Relioun op der Zivilisatioun hir wichtegst
Expressiounsformen hat. Ausserdeem weist hir onmëttelbar Wierkung op Gesetz a
Moral ëmmer nees, dass si fir d'sozial Uerdnung onentbierlech ass.
Iwwert d'Relioun als eng
sozial Kraaft huet Bahá'u'lláh gesot: D'Relioun
ass dat wichtegst Mëttel fir Uerdnung an d'Welt ze bréngen a fir hir Bewunnder
zefridden a friddlech ze stëmmen. Iwwert den Ennergang oder
d'Korruptioun vun der Relioun huet hie geschriwwen: Wann d'Luucht vun der Relioun méi schwaach gëtt, kënnt et zu Chaos a
Confusioun, an d'Liicht vun der Oprichtegkeet, der Gerechtegkeet, der Rou an
dem Fridden erläscht. An enger Opzielung vun esou Konsequenze weisen
d'Bahá'í Schrëften droph hin, dass d'Perversioun vun der mënschlecher Natur,
d'Verdierfnes vum mënschleche Behuelen, d'Korruptioun an d'Opléisung vu
mënschlechen Institutiounen sech ënnert denen Emstänn vun hirer schlëmmster an
ofstoussendster Säit weisen. De mënschleche Charakter verléiert seng Dignitéit,
d'Vertrauen zerfällt, d'Disziplinn gëtt labber, d'Stëmm vum mënschleche Gewësse
gëtt erstéckt, de Sënn dofir, wat anstänneg a wat schummenswäert ass, léisst
no, all Konzeptioune vu Flicht, Solidaritéit, Géigesäitegkeet an Trei gi
verdréit, an esouguer d'Gefiller vu Friddlechkeet, vu Freed a vun Hoffnung ginn
no an no ausgeläscht.
Wann also d'Mënschheet
op deem kritesche Punkt ukomm ass, wou d'Konflikter se paralyséieren, da muss si
d'Quell vun de Mëssverständnesser a vun der Confusioun, déi am Numm vun der
Relioun entstane sinn, bei sech selwer sichen, bei hirer eegener Noléissegkeet
a bei dene Stëmmen, dene si nogelauschtert a vun dene si sech verféiere geloos
huet. Wie blann an egoistesch u sénger spezieller Orthodoxi festgehalen huet,
wie séngen Unhänger falsch a widderspréchlech Interpretatiounen zu deem
operluegt huet, wat d'Proféite vu Gott gesot hunn, deen dréit eng schwéier
Verantwortung fir dës Confusioun – eng Confusioun, déi nach vergréissert
gëtt duerch déi kënschtlech Barrieren tëscht Glawen a Verstand, tëscht Wëssenschaft
a Relioun. Well wa mer déi tatsächlech Aussoe vun de grousse Reliounsstëfter an
de soziale Milieu, an deem si hir Missioun hu missen ausféieren, objektiv
ënnersichen, da fanne mir näischt, wat déi Behaaptungen a Viruerteeler ënnerstëtzt,
déi der Mënschheet hir Reliounsgemeinschaften (an domat all mënschlech
Ugeleeënheten) entfriemen.
D'Gebot, dass mir anerer
solle behandelen, wéi mir selwer gär behandelt ginn, eng Ethik, déi ënnert där
enger oder anerer Form an alle grousse Reliounen erëmkënnt, ënnermauert dës
lescht Feststellung an zwou Hissiichten: et resuméiert déi moralesch Haltung,
dee friddensstëftenden Aspekt, deen dës Reliounen onofhängeg vun hirer
Ursprongsplaz an –zäit duerchzitt; an et weist op en Aspekt vun Eenheet
hinn, deen hir wesentlech Dugend ass, eng Dugend, déi de Mënsch wéinst sengem
inkoherente Geschichtsverständnes net amstand war z'appréciéieren.
Hätt d'Mënschheet
d'Erzéier vun hirer gemeinsamer Kannerzäit als dat ugesinn, wat se waren, als
Agente vun deem enge Prozess, dee se ziviliséiert huet, dann hätt se
garantéiert onendlech méi Profit gezunn aus der kumuléierter Wierkung vun de
Missiounen, déi si noeneen ausgefouert hunn. Leider huet se dëst net gemaach.
Dass a ville Länner e
fanatesche reliéisen Äifer nees oplieft, kann een nëmmen als eng lescht Zuckung
virum Doud betruechten. Eleng schonn am Ausbroch vu Gewalt an Zerstéierung,
deen domat verbonnen ass, weist sech de geeschtege Bankrott hannert dësem
Äifer. Eng vun den eegenaartegsten an trauregste Charakteristike bei deem
aktuellen Opkomme vu reliéisem Fanatissem ass effektiv den Ausmooss, an deem
hie vu Fall zu Fall net nëmmen déi geeschteg Wäerter ënnergrieft, déi de
Mënschen hir Eenheet begënschtegen, mee och déi eenzegaarteg moralesch
Triumpher vun där Relioun, déi e behaapt ze verdedegen.
Trotz där liewenswichteger
Roll, déi d'Relioun an der Geschicht vum Mënsch gespillt huet, an trotz der
Dramatik, mat där an eiser Zäit de militante reliéise Fanatissem erëm zouhëlt,
betruechten zënter ville Jorzéngten ëmmer méi Leit d'Relioun an déi reliéis
Institutiounen als irrelevant fir der Welt hir grouss Uleiessen; si ersetzen
d'Relioun doduerch, dass se sech dem hedonistesche Striewen no materieller
Befriddegung verschreiwen oder enger hausmaacher Ideologi noginn, déi
d'Gesellschaft vun hirem offensichtleche Misär soll erléisen. Mee amplaz ze
begräifen, dass d'Mënschheet eng Eenheet ass an d'Harmonie tëscht de
verschiddene Vëlker ze vergréisseren, haten zevill vun dësen Ideologien d'Tendenz,
fir de Staat ze vergëttlechen, de Rescht vun der Mënschheet ënnert eng
bestëmmten Natioun, Rass oder Klass ze stellen oder all Diskusssioun an all
Gedankenaustausch z'ënnerdrécken. Oder si hu Millioune vu Leit, déi Honger
leiden, ongenéiert dem Mechanismus vun engem Wirtschaftssystem ausgesat, deen
der Majoritéit hir Situatioun ganz kloer verschlëmmert, iwwerdeems en e puer
klenge Gruppen d'Méiglechkeet gëtt, an engem Iwwerfloss ze liewen, vun deem eis
Grousseltere knapps konnten dreemen.
Wéi schappeg ass dach
d'Leeschtung vun den Ersatzreliounen, déi an eisem Zäitalter opkomm sinn. An
der massiver Erniichterung vu ganze Populatiounen, déi geléiert goufen, un
hiren Altär ze bieden, weist sech der Geschicht hiert onwidderrufflecht Urteel
iwwert hire Wäert. Déi, déi hinnen hir Carrière an de mënschlechen Affäre
verdanken, hu Jorzéngten erduerch ëmmer méi eng onbegrentze Muecht kritt; an
d'Friichte vun där Entwécklung sinn déi sozial an ekonomesch Krankheeten, déi
um Enn vum zwanzegste Jorhonnert all Regioun vun der Welt befall hunn. Hannert
all dëse baussenzege Ploe gesäit een de geeschtege Schued an der Apathie, déi
d'Mass vun der Bevëlkerung vun allen Natioune gepaakt huet, an am Ofstierwe vun
Hoffnung an den Häerzer vu Milliounen, deenen dat Néidegst feelt an déi vun
Angscht erfëllt sinn.
Elo ass d'Zäit, wou déi,
déi den Dogma vum Materialismus priedegen, egal ob am Osten oder am Westen,
egal ob am Kapitalismus oder am Sozialismus, musse Rechenschaft ofleeën iwwert
déi geeschteg Féierung, déi se behaapt hunn ze vermëttelen. Wou ass déi nei
Welt, déi dës Ideologië verspriechen? Wou ass den internationale Fridden, deem
seng Idealer si wéi et schéngt ënnerstëtzen? Wou huet d'Glorifikatioun vun
enger bestëmmter Rass, Natioun oder Klass et erméiglecht, an nei Beräicher vu
kultureller Leeschtung virzestoussen? Firwat geet déi grouss Majoritéit vun de
Vëlker vun der Welt ëmmer méi am Honger an am Misär ënner, wann déi aktuell
Arbiteren vun de Mënschen hiren Uleiessen iwwert e Räichtem verfügen, dee sech
d'Pharaoen, déi réimesch Keeser oder esouguer déi imperialistesch Muechten aus
dem nonzéngte Jorhonnert am Dram net hätte kënne virstellen?
Et ass virun allem an
der Verherrlechung vum Truechten no materielle Saachen – an engems
d'Quell an déi gemeinsam Eegenschaft vun all deenen Ideologien – wou mir
d'Wuerzel fannen, aus där déi falsch Opfaassung staamt, dass d'Mënschen
onverbesserlech egoistesch an aggressiv sinn. Hei muss de Buedem preparéiert gi
fir d'Opriichte vun enger neier Welt, an där sech eis Kanner kënne wuel fillen.
Wéi d'Erfarung weist,
hunn déi materialistesch Idealer et net fäerdegbruecht, der Mënschheet hir
Bedierfnësser zefriddenzestellen; dofir sollte mer éierlech sinn an zouginn,
dass elo en neien Effort muss gemaach ginn, fir dem Planéit seng akut Problemer
ze léisen. Déi onerdréiglech Conditiounen, déi an der Gesellschaft
virherrschen, verroden e gemeinsaamt Versoe vun alle Mënschen, en Ëmstand, deen
d'Divisioun tëscht deene verschiddene Gruppen nach éischter verstäerkt, wéi se
ofzebauen. Ouni Zweiwel ginn hei dréngend gemeinsam Léisungsustrengunge
gebraucht. Et ass virun allem eng Fro vun der Astellung. Wäert d'Mënschheet
weiderfueren, de Kapp ze weisen an un iwwerliefte Konzepter an onveräntwerbaren
Hypotheese festzehalen? Oder wäerten hir Cheffen, onofhängeg vun hirer
Ideologi, virtrieden a resolutt matenee beroden, fir zesummen déi richteg
Äntwerten ze fannen?
Wiem d'Zukunft vun der
mënschlecher Rass net egal ass, sollt sech dëse Rot zu Häerz huelen: Wa laang ënnerstëtzten Idealer a fest
verankert Institutiounen, wa verschidden Hypotheese vum Zesummeliewen a
bestëmmt reliéis Bekenntnesser opgehalen hunn, der ganzer Mënschheet hiert Wuel
ze fërderen, wa se de Bedierfnesser vun enger Mënschheet a bestänneger
Evolutioun net méi gerecht ginn, da loosst eis se op d'Säit kieren bei déi
Doktrinnen, déi iwwerholl a vergiess sinn. Firwat sollte grad si, an enger
Welt, déi dem éiwege Gesetz vu Verännerung an Zerfall ausgesat ass, vun der
Degradatioun verschount bleiwen, déi noutwennegerweis all mënschlech
Institutioun befällt? Schliesslech hu gesetzlech Normen, politesch a
wirtschaftlech Theorie just nëmmen d'Aufgab, fir d'Intresse vun der Mënschheet
als ganzer ze schützen; dogéint däerf d'Mënschheet net gekräizegt ginn, fir
dass e bestëmmt Gesetz oder eng bestëmmt Doktrinn bestoe bleift.
II.
Moossnamen, déi d'Atomwaffen
ofschafen, de Gebrauch vu Gëftgase verbidden oder déi bakteriell Krichsféierung
ënnersoen, kënnen dem Krich seng eigentlech Ursaachen net ewechhuelen.
Onofhängeg dervun, wéi wichteg natierlech esou praktesch Schrëtt als Elementer
vum Friddensprozess sinn, si sinn u sech ze iwwerflächlech, fir laang en Afloss
ze hunn. D'Vëlker hu genuch Fantasie, fir nach aner Forme vu Krichsféierung
z'erfannen, a fir Liewensmëttel, Réistoffer, Geld, Industriemuecht, Ideologie
an Terrorismus anzesetzen, fir eent dat anert z'ënnerwerfen an engem Striewen
ouni Enn no Iwwerleeënheet a Muecht. Grad esou léisst sech deen aktuelle
groussen Duercherneen an der Mënschheet hiren Ugeleeënheeten net doduerch
verbesseren, dass spezifesch Konflikter oder Meenungsverschiddenheeten tëscht
den Natioune bäigeluecht ginn. E wierklech universelle Kader muss ugeholl ginn.
Sécher feelt et net um
Geständnes vun nationale Leaderen, dass et sech hei ëm e weltwäite Problem
handelt, wat jo aus den ëmmer méi dréngleche Froen, déi si all Dag
konfrontéieren, kloer ervirgeet. Ausserdeem gëtt et déi sëlleg Etuden a
Léisungsvirschléi vun intresséierten an opgekläerte Gruppen a vun de Vereenten
Natiounen hire Servicer, déi praktesch ausschléissen, dass een iwwert déi
grouss Ufuerderungen net am Bild ass. Et besteet allerdéngs eng Lämung, wat de
Wëllen ubelaangt; a grad dës Lämung muss genee ënnersicht a resolutt behandelt
ginn. Wéi mer scho festgestallt hunn, leien hir Wuerzelen an enger déiwer Iwwerzeegung
vun der Mënschheet hirer onemgänglecher Streideregkeet, wat derzou féiert, dass
kaum vun der Méiglechkeet rieds geet, den nationalen Eegenintressi ënnert
d'Ufuerderunge vun enger Weltuerdnung ze stellen, an dass keen de Courage huet,
den enormen Implikatiounen an d'Aen ze kucken, déi d'Opriichte vun enger vereenegter
Weltautoritéit géif mat sech bréngen. Si léisst sech och zréckféieren op
d'Onfäegkeet vu gréisstendeels ongebillten an ënnerdréckte Mënschemassen, fir hiert
Verlaangeren no enger neier Uerdnung auszedrécken, an där si mat all e Mënschen
a Fridden, Harmonie a Wuelstand kënne liewen.
Déi kleng Schrëtt, mat
deene sech – besonnesch zënter dem Zweete Weltkrich – un eng
Weltuerdnung erugetaascht gëtt, setzen hoffnungsvoll Zeechen. Déi steigend
Tendenz vu Gruppe vun Natiounen, fir Bezéiungen ze formaliséieren, déi eng
Zesummenaarbecht op Gebitter vu béidsäitegem Intressi méiglech maachen, léisst
hoffen, dass geschwënn all Länner dës Lähmung kënnen iwwerwannen. D'Associatioun
vu Südostasiateschen Natiounen, d'Karibesch Gemeinschaft an hire Marché Commun,
de Mëttelamerikanesche Marché Commun, de Rot fir Géigesäiteg Wirtschaftlech
Ennerstëtzung, d'Europäesch Gemeinschaften, d'Liga vun den Arabesche Staaten,
d'Organisatioun fir Afrikanesch Eenheet, d'Organisatioun vun den Amerikanesche
Staaten, de Südpazifesche Forum – all déi gemeinsam Initiativen, déi dës
Organisatioune verkierperen, maachen de Wee fräi an eng Weltuerdnung.
Dass verschiddene vun
eisem Planéit sengen am déifste verwuerzelte Problemer méi eng grouss
Opmierksamkeet geschenkt gëtt, ass en anert Signal vun Hoffnung. Trotz de
Vereenten Natiounen hiren evidente Feeler ginn déi iwwer véierzeg
Deklaratiounen a Conventiounen, déi dës Organisatioun adoptéiert huet, esouguer
wann d'Regierungen se net mat Begeeschterung ënnerstëtzt hunn, den einfache
Mënschen d'Gefill vun engem neien Opschwong. Déi Allgemeng Erklärung vun de
Mënscherechter, d'Ofkommes iwwert d'Preventioun an d'Bestrofung vu Vëlkermuerd
an déi aner Moossnamen, déi sech zum Zil gesat hunn, all Forme vun
Diskrimatioun opgrond vu Rass, Geschlecht oder Glawen ze eliminéieren; d'Verdeedegung
vun de Rechter vum Kand; d'Protektioun géint Folter; d'Iwwerwanne vun Honger an
Ënnerernierung; de Gebrauch vu wëssenschaftlechem an technologeschem
Fortschrëtt fir de Fridden a fir d'Wuel vun der Mënschheet – all dës
Schrëtt wäerten, wa se mat Courage applizéiert a weiderentwéckelt ginn, deen
Dag méi no bréngen, wou d'Gespenst vum Krich net méi d'Muecht huet, fir déi international
Bezéiungen ze dominéieren. Et brauch een d'Bedeitung vun de Froen, déi dës
Deklaratiounen a Conventioune behandelen, net ervir ze sträichen. Allerdéngs
verdéngen e puer vun dëse Froe wéinst hirer onmëttelbarer Wichtegkeet fir
d'Verwierklechung vum Weltfridde méi eng ausféierlech Behandlung.
De Rassismus, eent vun
de schlëmmsten an haartnäckegsten Iwwelen, ass eng Haaptbarrière fir de
Fridden. Wou hien d'Handele bestëmmt, gëtt dem Mënsch seng Dignitéit esou mat
Féiss getrueden, dass e sech ënnert kengem Virwand rechtfertege léisst. De
Rassismus behënnert seng Affer doran, hiert onbegrenzte Potential z'entfalen, e
mécht seng Vertrieder korrupt a steet dem mënschleche Fortschrëtt am Wee.
D'Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet, duerch gëeegent gesetzlech
Moossname vervierklecht, muss weltwäit ënnerstëtzt ginn, wa mir dëse Problem
wëllen an de Grëff kréien.
Déi extrem Ongläichheet
tëscht Aarmen a Räichen, eng Quell vun onvirstellbarem Leed, hält d'Welt an
engem Zoustand vun Instabilitéit, dee praktesch all Ament kann zu Krich
féieren. Dës Situatioun hunn net vill Gesellschaften mat Erfolleg ugepaakt.
D'Léisung verlaangt eng kombinéiert Applikatioun vu geeschtegen, moraleschen a
praktesche Moossnamen. Eng nei Perspektiv ass erfuerdert, an dozou gehéiert
d'Berodung mat Spezialisten aus villerlee Branchen, ouni wirtschaftlech an
ideologesch Polemik, an d'Bedeelegung vun de Leit, déi direkt betraff sinn, un
den Entscheedungen, déi dréngend musse geholl ginn. Et handelt sech hei ëm eng
Fro, déi net nëmmen un d'Noutwennegkeet geknäppt ass, d'Extremer vu Räichtem an
Aarmutt aus der Welt ze schafen, mee och un déi geeschteg Wouréchten, déi, wa
se verstan ginn, eng nei ganzheetlech Attitude kënnen ervirbréngen. Esou eng
Attitude ze begënschtegen, ass u sech schonn en Haaptelement vun der Léisung.
En Nationalismus ouni
Gitt, am Géigesaz zu engem verstännegen a legitime Patriotismus, muss enger méi
ëmfaassender Loyautéit Plaz maachen, enger Léift zu der Mënschheet als ganzer.
Dem Bahá'u'lláh seng Wierder sinn: Dës Äerd ass nëmmen ee Land, an all Mënsche
si seng Bierger. D'Konzept vum Weltbiergertum ergëtt sech onmëttelbar aus der
Welt hirer Verklengerung zu enger Stad, déi mam wëssenschaftleche Fortschrëtt
an der onbestreitbarer géigesäiteger Ofhängegkeet tëscht den Natiounen
erfollegt ass. D'Léift zu all de Vëlker vun der Welt schléisst d'Léift zum eegene
Land net aus. An enger Weltgesellschaft déngt een dem Deel senger Intressen am
beschten, wann ee sech fir d'Intresse vum Ganzen asetzt. Aktuell international
Aktivitéiten op verschiddene Gebitter, déi géigesäiteg Affektioun an e Gefill
vu Solidaritéit ënnert de Vëlker nieren, mussen nach staark zouhuelen.
Reliéise Sträit war am
Laf vun der Geschicht d'Ursaach vu ville Kricher a Konflikter an en
Haapthindernis fir de Fortschrëtt, an e wierkt ëmmer méi ofstoussend op
d'Adepte vu jiddwer a vu kengem Glawensbekenntnes. Alle Reliounen hir Unhänger
mussen d'accord sinn, fir sech deenen elementare Froen ze stellen, déi dëse
Sträit opwërft, an zu kloren Äntwerte kommen. Wéi sollen, an der Theorie wéi an
der Praxis, hir Meenungsverschiddenheete bäigeluecht ginn? D'Erausfuerderung
fir der Mënschheet hir reliéis Leader besteet doran, mat Häerzer, déi vu
Matgefill a vun engem Verlaangeren no Wourecht erfëllt sinn, de Mënschen hire
Misär ze betruechten a sech dann ze froen, ob si net, an Demut virun hirem
allmächtege Schëpfer, hir ënnerschiddlech theologesch Opfaassungen an engem
grousshäerzege Geescht vu géigesäitegem Versteesdemech kënne begruewen, an
doduerch d'Méiglechkeet kréien, zesumme fir d'Entwécklung vu mënschlechem
Verständnes a Fridden ze schaffen.
D'Emanzipatioun vun der
Fra, d'Verwierklechung vun enger vollstänneger Gläichberechtegung tëscht de
Geschlechter, ass eng vun de wichtegsten, wann och manner erkannte Viraussetzunge
fir de Fridden. Wien dës Gläichberechtegung refuséiert, begeet en Onrecht géint
d'Hallschecht vun der Weltbevëlkerung a fërdert an de Männer schiedlech
Astellungen a Gewunnechten, déi si aus der Famill op d'Aarbechtsplaz, an
d'politescht Liewen an zu gudder Lescht och an déi international Relatiounen
droen. Et gëtt kee Grond, weder moralesch nach praktesch oder biologesch, deen
esou ee Refus justifiéiert. Eréischt wann d'Fraen als vollwäerteg Partner an
alle Beräicher vum mënschleche Striewen opgeholl ginn, wäert de moraleschen a
psychologesche Klima entstoen, aus deem de Weltfridde kann ervirgoen.
Den Ideal vun
universeller Erzéiung, fir dee sech schonn eng Arméi vun devouéierte Leit aus
alle Glawensrichtungen an Natiounen asetzen, verdéngt déi gréisst
Ënnerstëtzung, déi der Welt hir Regierunge kënnen opbréngen. Et léisst sech
nämlech net ofstreiden, dass d'Onwëssenheet d'Haaptursaach ass fir de Verfall
an den Ënnergank vun de Vëlker an d'Bestoebleiwe vu Viruerteeler. Keng Natioun
kann et zum Erfolleg bréngen, wann net all hire Bierger eng Bildung vermëttelt
gëtt. Wéinst dem Feele vu Ressource si vill Natiounen nëmme begrenzt fäeg, dës
Noutwendegkeet z'erfëllen, a kréien eng gewëss Reiefolleg vu Prioritéiten
operluecht. Déi Gremien, déi doriwwer decidéieren, wäre gutt beroden, wa se
sech géingen iwwerleeën, fir der Ausbildung vu Fraen a Meedercher d'Prioritéit
ze ginn, well iwwert gebillte Mamme léisst sech de Benefice vum Wëssen am wierksamsten
an am séiersten an der Gesellschaft verbreeden. Fir den Ufuerderunge vun eiser
Zäit gerecht ze ginn, sollt een och drun denken, fir de Konzept vum Weltbiergertum
als Bestanddeel vun all Kand senger normaler schoulescher Erzéiung ze
vermëttelen.
E grondsätzleche Manktem
u Kommunikatioun tëscht de Vëlker behënnert eeschtlech d'Beméiungen ëm de
Weltfridden. D'Adoptioun vun enger internationaler Hëllefssprooch géif vill
derzou bäidroen, dëse Problem ze léisen, a verdéngt dofir déi gréissten
Opmierksamkeet.
Bei all dësen Themae
sollt een zwee Punkten ervirhiewen. Eischtens besteet d'Ofschafe vum Krich net
einfach doran, Verträg a Protokoller z'ënnerschreiwen; et ass eng komplex
Aufgab, déi verlaangt, dass ee sech op engem neien Niveau fir d'Léisung vu Froen
asetzt, déi normalerweis net mam Striewen no Fridden associéiert ginn. Wa se
sech ausschliisslech op politesch Ofmaachunge stäipt, bleift d'Iddi vu
kollektiver Sécherheet eng Illusioun. Zweetens ass déi primär Erausfuerderung
am Ëmgang mat Friddensfroen déi, sech aus purem Pragmatissem ze léisen an eng
Grondsazdiskussioun ze féieren. Well eigentlech ensteet de Fridden aus engem
ënnerlechen Zoustand eraus, deen duerch eng geeschteg oder moralesch Astellung
gestäipt gëtt, an d'Méiglechkeet vun dauerhafte Léisunge fënnt sech
haaptsächlech dann, wann esou eng Astellung kann ervirgeruff ginn.
Et gëtt geeschteg
Prinzipien – oder wéi verschidde Leit soen, mënschlech Wäerter –
mat denen hirer Hëllef sech fir all soziale Problem Léisunge fanne loossen.
Allgemeng gesi kann all Grupp mat gudden Intentiounen sech fir seng Problemer
praktesch Léisungen ausdenken, mee gutt Intentiounen a praktescht Wësse ginn
normalerweis net duer. Den Haaptverdéngscht un engem geeschtege Prinzip läit
doran, dass hien net nëmmen eng Perspektiv virgëtt, déi mam Wiese vum Mënsch
iwwereneestëmmt, mee doriwwer eraus eng Astellung, eng Dynamik, e Wëllen, e
Striewen ausléist, déi d'Entdeckung an d'Duerchféierung vu praktesche
Moossnamen erliichteren. De Regierungscheffen an all Mënschen, déi Muecht
ausüben, wär an hirem Striewen no Problemléisunge vill gehollef, wa se fir
d'éischt géifen erausfannen, wat fir Prinzipien am Spill sinn, a sech dann
duerch dës leede loossen.
III.
Déi wichtegst Fro, déi muss gekläert ginn, ass, wéi d'Welt vun haut mat
hiren agerappte Konfliktstrukture sech zu enger Welt verännere kann, an där
Harmonie an Zesummenaarbecht virherrschen.
Eng Weltuerdnung léisst sech nëmmen op dat iwwerzeegte Bewosstsi
grënnen, dass d'Mënschheet eng Eenheet ass, eng geeschteg Wourecht, déi all
Humanwëssenschafte konfirméieren. D'Anthropologie, d'Physiologie, d'Psychologie
kennen nëmmen eng Spezies Mënsch, och wann dës an den zweetrangegen Aspekter
vum Liewen onendlech variéiert. Dës Wourecht unzëerkennen heescht, all Zorte vu
Viruerteeler opzeginn, wat Rass, Klass, Hautfaarf, Glawen, Natioun, Geschlecht,
materiellen Entwécklungsstand betrëfft, alles wat d'Mënschen derzou féiert,
sech anere géintiwwer fir iwwerleeën ze halen.
D'Eenheet vun der Mënschheet unzehuelen, ass déi éischt fundamental
Viraussetzung fir der Welt hir Reorganisatioun an Administratioun als en
eenzegt Land – der Mënschheet hir Hemecht. Eng weltwäit Unerkennung vun
dësem geeschtege Prinzip ass wesentlech fir all erfollegräiche Versuch, de
Weltfridden opzeriichten. E sollt dofir uechter d'ganz Welt proklaméiert, an de
Schoule geléiert an an all Land ëmmer nees affirméiert ginn als Virbereedung op
déi organesch Verännerung an der Gesellschaft hirer Struktur, déi et mat sech
bréngt.
Vum Bahá'í Standpunkt aus verlaangt d'Unerkennung vun der Eenheet vun
der Mënschheet net manner wéi d'Rekonstruktioun an d'Demilitariséierung vun
der ganzer ziviliséierter Welt – enger Welt, déi an alle wesentlechen
Aspekter vun hirem Liewen, hirer politescher Maschinnerie, hirem geeschtege
Striewen, hirem Commerce an hire Finanzen, hirer Schrëft an hirer Sprooch
organesch zesummegewuess ass an trotzdeem onendlech villfälteg an den
nationalen Egenaarte vun hire federéierten Elementer.
A sengen Ausféierungen iwwert dësem Grondprinzip seng Inplikatioune sot
de Shoghi Effendi, den Hidder vum Bahá'í Glawen, am Joer 1931: Wäit dervun, d'Fondatioune vun der heiteger
Gesellschaft wëllen ëmzegeheien, versicht et, hir Basis ze erweideren, hir
Institutiounen esou ëmzegestalten, dass se mat de Bedierfnesser vun enger Welt
a bestänneger Verännerung iwwereneestëmmen. Et ka mat kenge legitimen nationale
Flichtgefiller a Konflikt trieden oder wesentlech Loyautéiten ënnergruewen.
Säin Zil ass et weder, d'Flam vun engem gesonden an intelligente Patriotissem
an de Mënschen hiren Häerzer ze erstécken, nach, de System vun nationaler
Autonomie ofzeschafen, dee jo esou wesentlech ass, wann d'Iwwele vun enger
iwwerdriwwener Zentraliséierung solle verhënnert ginn. Et ignoréiert net
d'Diversitéit vum Ursprong vun de Vëlker, vu Klima, vu Geschicht, Sprooch an
Traditioun, vun Denkweisen a Gewunnechten, déi der Welt hir Vëlker vun eneen
ënnerscheden, an et versicht och net, dës Diversitéit ze ënnerdrécken. Et rifft
op zu méi enger grousser Loyautéit, zu méi engem héije Striewe, wéi et jee
virdrun d'Mënschen ugedriwwen huet. Et insistéiert drop, fir national
Motivatiounen an Intressen hannert déi zwéngend Fuerderunge vun enger
gëeentener Welt ze stellen. Et verwerft iwwerdriwwen Zentraliséierung op där
enger Säit a refuséiert all Bestriewen no Uniformitéit op där anerer. Seng
Devis ass d'Eenheet an der Diversitéit
Fir dës Zieler
z'erreechen, mussen hinne schrëttweis déi national politesch Astellungen
ugepasst ginn, déi den Ament un Anarchie grenzen, well et keng kloer definéiert
Gesetzer oder iwwerall unerkannten an applikabel Prinzipie gëtt, déi
d'Bezéiungen tëscht den Natioune regelen. De Vëlkerbond, d'Vereenten Natiounen
an déi sëlleg Organisatiounen an Ententen, déi se ervirgeruff hunn, hunn ouni
Zweiwel gehollef, e puer negativ Auswierkunge vun internationale Konflikter ofzeschwächen,
mee si hu sech als onfäeg erwisen, de Krich ze verhënneren. Tatsächlech goufen
et zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich eng grouss Zuel aner Kricher, vun deenen
der vill nach ëmmer amgaang sinn.
Dësem Problem seng wichtegst Aspekter hate sech schonn am nonzéngte
Jorhonnert z'erkenne ginn, wéi Bahá'u'lláh fir d'éischt seng Propositioune fir
den Opbau vum Weltfridde virgeluecht huet. A sengen Deklaratiounen un
d'Herrscher vun der Welt huet Hien de Prinzip vu kollektiver Sécherheet
vertrueden. De Shoghi Effendi huet d'Bedeitung dovu kommentéiert: Wat soss kënnten dës beandrockend Wierder
heeschen, huet e geschriwwen,
wann net den Hiwäis op déi onemgänglech Aschränkung vun absolutter nationaler
Souveränitéit als enger noutwenneger Bedéngung fir d'Formatioun vun enger zukünfteger
Federatioun vun allen Natioune vun der Welt? Iergend eng Form vu
Welt-Iwwerstaat muss noutwennegerweis entwéckelt ginn – e Staat, deem all
Natioune fräiwëlleg jiddwer Usproch op Krichsféierung, verschidde Rechter op
Steiererhiewung an all Rechter op Krichsrüstung, ausser fir d'Erhale vun der
interner Uerdnung um eegenen Territoire, wäerten ofgetrueden hunn. Esou e Staat
brauch a sengem Aflossberäich eng international Exekutiv, där et méiglech ass,
jiddwer tockegem Mëmber vun der Federatioun hir héchsten an onbestreitbar
Autoritéit opzezwéngen; e Weltparlament, deem seng Mëmbere duerch d'Vëlker an
alle Länner gewielt an duerch déi respektiv Regéirunge bestätegt ginn; an en
Héchst Geriicht, deem seng Entschedungen obligatoresch sinn, och an deene Fäll,
wou déi concernéiert Parteien hire Sträitfall net fräiwëlleg senger
Juridictioun ënnerwerfen.
"...Eng Weltgemeinschaft, an där sämtlech
wirtschaftlech Barrierë fir ëmmer aus dem Wee geraumt sinn a wou déi géigensäiteg
Ofhängegkeet vu Kapital an Aarbecht definitiv unerkannt ass; an där d'Gejäiz vu
reliéisem Fanatissem a Sträit ee fir allemol verstommt ass; an där d'Flam vum
Rassenhaass endlech geläscht ass; an där en eenheetleche Code fir
internationaalt Recht, d'Produkt vum gutt iwwerluechten Uerteel vun der Welt
hire federéierte Volléksvertrieder, duerch dat direkt an zwéngend Agräife vun
de Federéierten hire vereenegte Sträitkräfte sanktionéiert gëtt; a schliesslech
eng Weltgemeinschaft, an där d'Roserei vun engem onberechenbaren a militanten Nationalissem
zu engem permanente Bewosstsinn vun der Qualitéit vum Weltbierger ginn ass
– esou presentéiert sech tatsächlech a graffen Zich déi Uerdnung, déi
Bahá'u'lláh virausgesinn huet, eng Uerdnung, déi een enges Daags wäert als déi
schéinste Fruucht vun engem Zäitalter betruechten, dat sech lues a lues
opdeet."
Bahá'u'lláh huet drop higewisen, dass dës Moossname géifen an d'Weër
geleet ginn: "D'Zäit muss kommen, an där op der ganzer Welt realiséiert
gëtt, wéi dréngend noutwenneg et ass, dass d'Mënschen eng grouss, eng allëmfaassend
Versammlung ofhalen. Der Äerd hir Regéierer a Kinneke mussen onbedéngt dorun
deelhuelen an iwwert d'Bedeelegung un hiren Deliberatiounen déi Méiglechkeeten
a Mëttelen an d'A faassen, déi d'Fondatioun fir der Welt hire Gréisste Fridden
tëscht de Mënsche leeën."
De Courage, d'Determinatioun, d'éierlechkeet,
d'oneegennëtzeg Léift vun engem Vollek fir dat anert – all déi geeschteg
a moralesch Eegeschaften, déi gebraucht ginn, fir dëse gewaltege Schratt an
d'Richtung vum Fridden z'ënnerhuelen, leien am Wëllen zur Handlung. An et ass
am Bestriewen, fir den néidege Wëllen opzebréngen, wou ee sech eeschtlech muss
mat der Wierklechkeet vum Mënsch, nämlech mat sengem Denken, befaassen. Dëser
mächteger Wierklechkeet hir Bedeitung verstoen, heescht och erkennen, dass et
sozial gesinn noutwenneg ass, hiren eenzegaartege Wäert mat Hëllef vun oppener,
onparteiescher a frëndschaftlecher Berodung ëmzesetzen, an no deem ze handelen,
wat bei dësem Prozess erauskënnt. Bahá'u'lláh huet mat Nodrock drop higewisen,
wéi wäertvoll an onverzichtbar d'Berodung ass, fir déi mënschlech Ugeleënheeten
an d'Fassong ze bréngen. Hie sot: Berodung vermëttelt méi en déift Bewosstsinn
an erhieft d'Suppositioun zur Gewëssheet. Si ass en hellt Liicht, dat an enger däischterer
Welt de Wee weist an eis féiert. Fir alles gëtt et elo an och an Zukunft e Grad
vu Perfektioun a vu Räifheet. Den Don vum Verstoe weist seng Räifheet an der
Berodung. Eleng de Versuch, fir de Fridden duerch Berodung z'erreechen, wéi
hien et virgeschloen huet, kann esou en heelsame Geescht ënnert der Äerd hire
Vëlker fräisetzen, dass keng Muecht deem schlussendlechen triumphalen Ausgang
kéint widderstoen.
Dozou, wéi dës
Weltversammlung soll virgoen, huet Abdu'l-Bahá, Fils vum Bahá'u'lláh an autoriséierten
Interpret vu senge Léieren, eis folgend Iwwerleeunge matgedeelt: Si mussen
d'Saach vum Fridden zum Géigestand vun allgemenger Berodung maachen a sämtlech
Mëttelen asetzen, déi hinnen zur Verfügung stinn, fir eng Unioun vun allen
Natioune vun der Welt op d'Been ze stellen. Si mussen e verbindleche Vertrag ofschléissen an e Pakt ausschaffen,
deem seng Dispositioune gerecht, onverletzbar a prezis sinn. Si mussen en der
ganzer Welt virstellen an der ganzer Mënschheet hiren Accord dofir kréien. Dës
héich an nobel Enterprise – déi wierklech Quell vum Fridden a vum Wuel
fir d'ganz Welt – sollt jiddwerengem helleg sinn, deen op der Äerd wunnt.
All der Mënschheet hir Kräfte musse mobiliséiert ginn, fir d'Stabilitéit an
d'Bestoebleiwe vun dësem Gréisste Pakt ze garantéieren. An
dësem universelle Pakt sollte jiddwer eenzelener Natioun hir Grenze kloer
festegeluecht, d'Prinzipien, op déi d'Bezéiungen tëscht de Regierunge sech
grënnen, definitiv verzeechent a sämtlech international Accorden an
Obligatioune bekräftegt ginn. Genee esou sollt d'Stäerkt vun de Waffenarsenaler
vun all Regierung strikt limitéiert ginn, well wann ee géif zouloossen, dass
d'Krichsvirbereedung an d'Truppestäerkte vun iergend enger Natioun zouhuelen,
misst dëst bei anere Mësstrauen ervirruffen. De Grondprinzip vun dësem feierleche
Pakt sollt esou festgeluecht sinn, dass am Fall, wou iergend eng Regierung eng
vu sengen Dispositioune verletzt, all Regierunge vun der Äerd sech erhiewen,
fir se zu totaler Ënnerwerfung ze zwéngen, méi nach, d'Mënschheet als Ganzt
sollt sech entschléissen, fir déi Regierung mat aller Kraaft, iwwert déi se
verfügt, ze stierzen. Wann dëst gréissten Heelmëttel op der Welt hire kranke
Kierper géif applizéiert ginn, géing se sech ouni Zweifel vun hire Leiden
erhuelen a fir ëmmer roueg a sécher bleiwen.
Déi mächteg Versammlung hätt scho laang missen ofgehale ginn.
Mir appeléiere vu ganzem Häerz un d'Leader vun allen Natiounen, vun dësem gënschtegen Zäitpunkt ze profitéieren an irreversibel Moossnamen z'ergräifen, fir dass dës Weltversammlung convoquéiert gëtt. All Kräfte vun der Geschicht dreiwen d'Mënschheet zu dëser Handlung, déi fir ëmmer den Ufank vun hirer laang erwaarter Maturitéit wäert markéieren.
Wëlle sech net d'Vereenten Natiounen, mat der voller Ënnerstëtzung vun hire Memberen, hannert déi héich Ziler vun esou engem kréinenden Ereegnes stellen?
Loosst Männer a Fraen, jonk Leit a Kanner iwwerall dësem onverzichtbaren Akt säin éiwege Verdéngscht fir all Vëlker erkennen an hir Stëmm erhiewen, fir e bereetwëlleg ze stäipen. Loosst et eis Generatioun sinn, déi déi glorräich Etapp an der Evolutioun vum gesellschaftleche Liewen op dësem Planéit inauguréiert.
IV.
D'Quell vun eisem Optimismus ass eng Visioun, déi iwwert de Schluss vum Krich an d'Schafe vun Agencë fir international Zesummenaarbecht erausgeet. Permanente Fridden tëscht den Natiounen ass eng wesentlech Etapp, mee net, wéi Bahá'u'lláh feststellt, dat lescht Zil fir der Mënschheet hir sozial Entwécklung. Hannert engem éischte Waffestëllstand, deen der Welt aus Angscht virun engem nuklearen Holocaust opgezwonge gëtt, hannert dem politesche Fridden, op dee sech vu Mësstrauen a Konkurrenzdenken erfëllten Natioune widderwëlleg aloossen, hannert de pragmateschen Accorden fir Sécherheet a Koexistenz, esouguer hannert de sëllegen Experimenter zur Zesummenaarbecht, déi dës Schrëtt wäerte méiglech maachen, waart eréischt dat héchstent Ziel: d'Vereenegung vun alle Vëlker vun der Welt an enger universaler Famill.
Oneenegkeet ass eng Gefor, déi der Äerd hir
Natiounen a Vëlker net nach méi laang kënnen erdroen; hir Konsequenze sinn ze
schrecklech, fir se a Betruecht ze zéien, an ze evident, fir eng Demonstratioun
ze brauchen. "D'Wuel vun der
Mënschheet", huet Baha'u'llah viru méi wéi honnert Joer
geschriwwen, "hire Fridden an hir
Sécherheet sinn onerreechbar, wann an esou laang net hir Eeenheet fest begrënnt
ass." "D'Mënschheet
jéimert a vergeet bal vu Verlaangeren derno, gëeent ze ginn an e Schlussstréch
ënnert hir Jordausenden al Péng ze zéien", mengt Shoghi Effendi a
seet weider: "D'Vereenegung vun
der ganzer Mënschheet ass d'Kennzeeche vun deem Stadium, op dee sech
d'mënschlech Gesellschaft haut zoubewegt. D'Eenheet vun der Famill, vum Stamm,
vum Stadstaat a vun der Natioun sinn noeneen ausprobéiert a vollstänneg verwierklecht
ginn. Welteenheet ass dat Zil, no deem eng gepéngegt Mënschheet strieft. Den
Opbau vun Natiounen ass ofgeschloss. D'Anarchie, déi an der Souveränitéit vun
Nationalstaate läit, ass no bei hirem Héichpunkt. Eng Welt, déi maans gëtt,
muss op dëse Fetisch verzichten, d'Eenheet an d'Vollstännegkeet vun de
mënschleche Bezéiungen erkennen an ee fir allemol deen Organismus opriichten,
deen dëse Grondprinzip vun hirem Liewen am beschte ka verkierperen."
All aktuell Stréimunge vu Verännerung bekräftegen dës Vu. D'Beweiser fanne sech an deene vill schonn ernimmte Beispiller vun de positiven Zeechen a momentanen internationale Beweegungen an Entwécklungen, déi an d'Richtung vum Weltfridde weisen. D'Arméi vu Männer a Fraen aus praktesch jiddwer Kultur, Rass an Natioun op der Äerd, déi an de Vereenten Natiounen hire villen Zerwisser schaffen, stellen e planetaresche « service public » duer, deem beandrockend Leeschtungen Zeie si fir de Grad un Zesummenaarbecht, deen esouguer ënnert decouragante Konditioune méiglech ass. En Drang no Eenheet mécht sech wéi e geeschtegt Fréijoer an enger Onmass vun internationale Kongresser bemierkar, déi Leit aus enger breeder Palett vun Disziplinnen zesummeféieren. Et motivéiert d'Appeller no internationale Projekter fir Kanner a Jugendlecher. Tatsächlech ass et déi wierklech Quell vun där bemierkenswäerter Beweegung op d'Ökumene hinn, duerch déi Unhänger vun traditionell opposéierte Reliounen a Sekten sech onwidderstéilech vun eneen ugezu fillen. Nieft der géigesätzlecher Tendenz zu Krich a Selbstverherrlechung, géint déi e sech onermiddlech wiert, ass den Driff zur Welteenheet eng vun den dominanten an iwwerall spierbare Charakteristike vum Liewen op dësem Planéit an deene leschte Jore vum zwanzegste Jorhonnert.
D'Erfarung vun der Bahá'í Communautéit kann als e Beispill fir ëmmer méi
grous Eenheet betruecht ginn. Si ass eng Communautéit vun dräi bis véier
Millioune Mënschen aus villen Natiounen, Kulturen, Klassen a Glawensrichtungen,
déi sech an engem grousse Spektrum vun Aktivitéiten am Déngscht vun de Vëlker hire
geeschtegen, sozialen a wirtschaftleche Bedierfnesser a ville Länner
engagéieren. Si ass en eenzege sozialen Organismus, representativ fir
d'Diversitéit vun der Mënschefamill, si regelt hir Aktivitéiten duerch e System
vun allgemeng unerkannte Berodungsprinzipien a si respektéiert ouni Ennerscheed
all grouss Awierkunge vu gëttlecher Féierung am Laf vun der
Mënschheetsgeschicht. Hir Existenz ass nach e Beweis fir d'Realiséierbarkeet
vun hirem Begrënner senger Visioun vun enger gëeentener Welt, nach eng
Bestätegung dofir, dass d'Mënschheet kann als eng global Gesellschaft liewen an
all Erausfuerderunge meeschter ginn, déi hiren Iwwergang an d'Maturitéit mat
sech bréngt. Wann de Bahá'í hir Erfarungen an iergend engem Mooss derzou bäidroe
kënnen, fir d'Hoffnung op d'Eenheet vum Mënschegeschlecht ze stäerken, wire mir
glécklech, si als Studiemodell unzebidden.
Iwwerdeems mir déi gewalteg Bedeitung vun där
Aufgab betruechten, déi an dësem Ablack d'ganz Welt erausfuerdert, bécke mir demüteg
de Kapp virun der imposanter Majestéit vu Gott, dem Schëpfer, deen aus Senger
onendlecher Léift eraus déi ganz Mënschheet aus deem selwechte Stamm erschaf,
dem Mënsch seng wäertvoll Wierklechkeet veredelt, e mat Verstand a Wäisheet,
Noblesse an Onstierflechkeet ausgezeechent an him déi "eenzegaarteg Auszeechnung a Fäegkeet geschenkt huet, Hien ze
erkennen an Hie gär ze hunn", eng Fäegkeet, déi "noutwennegerweis als de kreativen
Impuls an d'Haaptzil vun der ganzer Schëpfung muss verstane ginn."
Mir stinn zu där fester Iwwerzeegung, dass d'Mënschen all erschaf goufen, "fir eng Zivilisatioun ze ënnerstëtzen, déi sech bestänneg weiderentwéckelt"; dass "et dem Mënsch senger net wierdeg ass, sech wéi d'Déieren um Feld ze behuelen", dass d'Dugenden, déi der mënschlecher Dignitéit entspriechen, Loyautéit, Nosiicht, Barmhäerzegkeet, Matleed a Guttheet vis-à-vis vun all Vollék sinn. Mir bekräftegen nach eng Kéier eise Glawen, dass "d'Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien, dee ganzen Ausmooss vu senger Bestëmmung op der Äerd, déi ugebueren Auszeechnung vu senger Wierklechkeet, sech op dësem virausgesoten Dag Gottes musse weisen." Dëst ass d'Motivatioun fir eisen onzerstéierbare Glawen dorun, dass Eenheet a Fridden dat erreechbaart Zil sinn, op dat d'Mënschheet zoustrieft.
Iwwerdeems mir dës Zeilen nidderschreiwen, héiert een de Bahá'í hir erwaardungsvoll Stëmmen trotz de Verfollegungen, deene si am Urspronksland vun hirem Glawen nach ëmmer ausgesat sinn. Duerch hiert Beispill vu standhafter Hoffnung si si Zeie fir d'Iwwerzeegung, dass déi nobäi Verwierklechung vun deem Jordausenden alen Draam vu Fridden duerch déi gestaltend Wierkung vum Bahá'u'lláh senger Offenbarung, an där d'Kraaft vu göttlecher Autoritéit läit, elo geschitt. Mir vermëttelen Iech also eng Visioun, déi net eleng aus Wierder besteet: mir appeléieren un d'Kraaft vun Akte vu Glawen a vu Sacrifice, mir iwwermëttelen all eise reliéise Bridder a Schwësteren hire besuergte Plädoyer fir Fridden an Eenheet. Mir schléissen eis all deenen un, déi d'Affer si vun Aggressiounen, all deenen, déi nom Schluss vu Konflikt a Sträit verlaangeren, all deenen, deenen hir Devotioun fir d'Prinzipie vu Fridden a Weltuerdnung déi nobel Ziler fërdert, fir déi d'Mënschheet vum Schëpfer a Senger onbegrenzter Léift an d'Liewe geruff gouf.
An eisem oprichtege Verlaangen, fir d'Feier vun
eiser Hoffnung an d'Déift vun eisem Vertraue mat Iech ze deelen, zitéiere mir
dem Bahá'u'lláh säi formellt Verspriechen: "Dës Streidereien, déi keng Fruucht droen, dës Kricher, déi alles ruinéieren,
si wäerten ophalen an dee "Gréisste Fridde" wäert kommen."
[ënnerschriwwen:
D'Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet]